2 Abriecher gepëtzt an Eefamilljenhaus um Buergbierg zu Helleng

© Domingos Oliveira
Am Raum Helleng koum et um Freideg de Moien zu engem Abroch an en Eefamilljenhaus. Duerno hunn d'Täter sech duerch d'Bascht gemaach.
Si waren duerch d'Fënster erakomm, vun den Awunner iwwerrascht ginn an genee sou séier nees dobaussen, op der Flucht. Si sinn dunn an en zweet Haus agebrach, fir sech en Auto ze klauen.
D'Police hat un d'Leit appelléiert, kee mam Auto matzehuelen a verdächteg Persounen direkt um 113 ze mellen. Géint 9.30 Auer krute mer vun der Police op Nofro hi bestätegt, dass se déi presuméiert Abriecher gepëtzt hunn. Ee vun hinne gouf dem Untersuchungsriichter presentéiert, deen aneren ass als Mineur an engem Jugendprisong ënnerbruecht ginn.