Hu Schwaachstelle bei der Spuerkeess d'Caritas-Fraude erméiglecht?

© Domingos Oliveira / RTL
D'CSSF weist an engem Schreiwes op d'Schwaachstellen am Dispositif vun der Spuerkeess hin. D'Fro vun der Responsabilitéit bleift nach ze klären.
D’Spuerkeess gëtt zwar “strukturell Schwächten” bei der Kontroll vun Transaktiounen zou. Déi staatlech Bank behaapt awer, datt d’Strof vun der Iwwerwaachungskommissioun vum Finanzsecteur géint d’Spuerkeess net géing beweisen, datt Schwaachstelle mat verantwortlech fir d’Fraude vun 61 Milliounen Euro bei der Caritas sinn.
Eng gewoten Ausso, mee esou z’erklären: Dëst kéint eng Defense-Linn vun der Spuerkeess sinn, en Vue vun deem wat als nächst nach wäert musse vu Riichter gekläert ginn, nämlech d’Fro vun der Responsabilitéit.
D’Iwwerwaachungskommissioun CSSF huet effektiv an hirem Schreiwes och just geschriwwen, datt d’Enquête an der Suite vun der Fraude bei der “Fondation caritative luxembourgeoise” gemaach gouf. Se seet awer och, et wier net un hir, sech iwwert d’Responsabilitéit vun der Bank am Kader vun der Caritas-Fraude ze äusseren. Si weist also op d’Schwaachstellen am Dispositif vun der Bank hin, mee seet net, ob d’Fraude mat engem Dispositif ouni des Schwaachstellen onméiglech gewiescht wier.
Dat kann een esou interpretéieren, dass d’CSSF et bewosst der Justiz iwwerléisst, fir ze beurteelen, ob d’Bank eng Matresponsabilitéit bei der Fraude hätt oder net – ofgesi vun den evidente Schwaachstellen an der Gouvernance bei der Caritas.
D’Schwaachstelle schénge kloer ze sinn
Een däregen Detail, deen d’Bankenopsiicht awer och matgedeelt huet ass, dass scho bei Kontrollen 2018 strukturell a systemesch Lacunne festgestallt goufen. Bei deene Kontrolle goung et ëm d’Preventioun vu Geldwäsch a Finanzéierung vun Terrorismus. D’Spuerkeess hat zwar deemools Mesurë geholl, notamment bei der Iwwerwaachung vun Transaktiounen, mee dës wieren net à même gewiescht, fir “schémas transactionnels suspicieux” ze detektéieren, esou d’CSSF bei hirer neier Enquête.
Grad beim Caritas-Skandal huet sech jo awer erausgestallt, dass vill eenzel Viremente mat awer héije Montante via d’Spuerkeess gemaach goufen, deels och e puer den nämmlechten Dag. Den Dispositif vun der Spuerkeess, hält d’CSSF fest, war net esou agestallt, datt een esou opfälleg Entréeën a Sortië bannent kuerzer Zäit ervir gehuewen hätt: et war also keen Alarm am System fir esou Situatioune bei Cliente wéi der Caritas virzegesinn.
Donieft seet d’CSSF, dass d’Spuerkeess eigentlech misst assuréieren, dass dës Transaktioune koherent si mam Profil vum Client, wat jo manifestement och net de Fall war.
D’CSSF constatéiert donieft och Inkoherenze wat d’Vigilance-Mesuren ugeet vun Transaktiounen, déi a sougenannt Héich-Risiko-Länner gemaach ginn. Ewéi d’Caritas-Affär gewisen huet, sinn d’Suen als éischt op Konten op d’spuenesch Bank BBVA transferéiert ginn, fir awer Prestatairen an der Tierkei. D’Sue sinn a Realitéit Enquêteuren no Richtung China zum Beispill weidergaangen.
An d’BGL BNP Paribas? An d’Kreditlinnen?
D’BGL BNP Paribas, déi huet fir d’Caritas och Viremente gemaach. Allerdéngs net an d’Ausland mee bei d’Spuerkeess. Dat erkläert warscheinlech zum Deel, firwat d’CSSF der BGL BNP Paribas keng Strof ginn huet.
Par konter ass d’BGL BNP Paribas net onbedéngt aus dem Schneider, well d’Fro vun de Kreditlinnen net gekläert ass. Fir dës Fro ass déi Europäesch Zentralbank (EZB) zoustänneg, net d’CSSF, an där hir Conclusiounen sinn nach net publizéiert. D’Banken haten der Caritas bannent kuerzem Zäitraum Kreditlinnen a Milliounenhéicht accordéiert, mam Argument vun der Fondatioun deemools, datt de Staat wéinst de Wale Retard bei de Payementer vun de Subventiounen hätt. Eppes wat d’Regierung vehement kontestéiert huet an d’Bank eigentlech hätt misse wëssen.
Bei systemesche Banken ass d’CSSF net fir d’Kontroll vun de Kreditlinne responsabel, mee d’europäesch Zentralbank. Mir waarde gespaant op d’Resultater vun den Enquêtë vun der EZB. An natierlech nach méi op déi vun den Enquêtë vun der Justiz iwwert déi eigentlech Täter vun der 61-Millioune-Fraude.
An dësem Dossier schéngt just eng Saach kloer ze sinn: déi 61 Milliounen Euro si fort a wäerten net méi kënne recuperéiert ginn. Dat hat och de Parquet virun Kuerzem esou confirméiert.