Den Educatiounsministère liwwert um Freideg de Moien Zuelen iwwert d'Orientatioun vun de Grondschüler aus dem leschte Cycle, eriwwer an de Secondaire.

5.743 Jonker ginn deemno an de Lycée orientéiert, 21 wäerten e sougenannten "cycle 4 rallongé" maachen.

46,4 Prozent vun de Jonke gi vun der Rentrée un an de Secondaire général, 40,6 Prozent an de classique.

Déi aner 12,6 Prozent ginn an d'Voie de préparation orientéiert, wärend 0,4 Prozent dat nächst Joer ee Cycle rallongé wäerten hunn.

A quasi alle Fäll ware sech d’Enseignanten an d’Elteren och iwwert d’Orientatioun eens. De Ministère nennt do en Taux vun 99,6 Prozent.

An deene Fäll, wou d'Elteren net d'accord sinn, hëlt eng Commission d'orientation déi definitiv Decisioun. Dat war fir 21 Kanner de Fall. Just an engem Fall huet dës Kommissioun den Avis vun den Elteren ënnerstëtzt an d'Kand deemno net dohi geschéckt, wou d'Léierpersonal et ursprénglech orientéiert hat.