An engem gemeinsame Schreiwes fuerderen d'CSJ, d'Jonk Demokraten, déi jonk Gréng an d'Jong-Sozialisten eng Unerkennung vu Palästina.

D'Stierwen an der Gazasträif hëlt keen Enn. Knapps 1.400 Palästinenser sinn an de leschten zwee Méint ëmbruecht ginn. Déi allermeescht duerch Attacke vun der israeelescher Arméi. Dat mellt um Freideg den UNO-Héichkommissär fir Mënscherechter vun der UNO.

Véier Lëtzebuerger Jugend-Parteie plädéieren um Freideg gemeinsam, dass Lëtzebuerg Palästina als eegestännege Staat misst unerkennen.

D’CSJ, d’Jonk Demokraten, déi jonk Gréng an d’Jong-Sozialiste ruffen d’Regierung gemeinsam op, am September, zesumme mat Frankräich, Groussbritannien, Kanada, Australien an enger Dose weidere Länner bei der UNO-Vollversammlung Palästina unzëerkennen, mat de Grenze vu virun 1967.

Déi jonk Lénk hunn iwwerdeems en eegent Schreiwes erausginn, an deem si och d'Unerkennung vu Palästina fuerderen, grad ewéi Sanktioune géint Israel. Dorënner d’Suspensioun vum Ofkommes tëschent Israel an der EU, op nationalem, wéi och europäeschem Niveau. Eng Annulatioun vun alle Waffenexport-Lizenzen an e Verbuet fir Lëtzebuerger Entreprisen, mat israeelesche Militärproduzenten zesummenzeschaffen.