Alerte jaune
Nach bis 19 Auer ass mat Donnerwiederen, vill Reen a staarkem Wand ze rechnen

© AFP Marvin Recinos
Meteolux huet eng Alerte jaune erausginn, déi dëse Freideg vun 13 bis 19 Auer gëllt.
Hei gëtt vun engem Risk vun Donnerwiedere geschwat, grad ewéi vun nawell vill Reen, deen erofkomme soll. Rieds ass vu 15 bis 25 Liter pro Quadratmeter, déi bannent kuerzer Zäit erofkomme kënnen. Dobäi geselle sech nach Wandstéiss vu bis zu 65 Stonnekilometer, esou d'Warnung vum Lëtzebuerger Wiederdéngscht.
Am meeschte gelies