Hannergrond ass eng parlamentaresch Fro vum Oppositiouns-Deputéierten Marc Baum un d'Santés- a Sozialministesch Martine Deprez.

Wéi am Communiqué vun déi Lénk steet, hätt de Marc Baum virun enger gudder Woch Informatioun ugefrot, déi relevant wieren en Vue vun der Debatt iwwer déi geplangte Pensiounsreform. D'Ministesch hätt relativ séier ugefrot, den Délai de réponse ëm ee Mount ze verlängeren – mat der Begrënnung, déi Informatioune kéinten net esou séier zesummegedroe ginn.

Déi Lénk sinn der Meenung, datt Schwaarz-Blo verhënnere wëll, datt virun der nächster Sozialronn den 3. September Informatioune géinge public ginn, déi verschidde Reformpiste kéinten an een neit Liicht récken. Den Deputéierten huet Protest beim Chamberspresident ageluecht, fir dësen zousätzlechen Delai de réponse net z’accordéieren.