An de leschte Méint goufen der Police verschidde Fäll vu Bedruch gemellt, bei deenen et sech ëm eng spezialiséiert Masch handelt.

Dës Bedruchsmasch viséiert virun allem Entreprisen. Betraff sinn awer net nëmme grouss Betriber, mee och vill kleng a mëttelstänneg Entreprisen.

D'Brigange verschécke vun engem scho gehackten E-Mail-Kont eng Bezuel-Erënnerung, an d’Firma gëtt ënner Drock gesat, fir eng Rechnung ze bezuelen. Dacks ass e PDF-Dokument mat der Rechnung ugehaangen. Fir dës Rechnung ze gesinn, gëtt gefuerdert, en "Adobe-Modul" z’installéieren.

Wann een op de Link am PDF klickt, gëtt awer eng sougenannt RMM-Software (Remote Monitoring and Management Software) erofgelueden, déi onbemierkten Zougang zum Computer erlaabt.

Déi Kriminell verbanne sech da mam Computer, spionéieren d’Passwierder fir déi genotzte Bezuelsoftware aus (z. B. MultiLine) a transferéieren héich Zommen u sougenannt "Money Mules" (Geld-Transfer-Personen).

Duerno benotzen d’Täter den E-Mail-Kont vum Affer, fir weider Bedruchsmailen ze verschécken. Well déi nei Empfänger d’E-Mail-Adress vum Sender kennen, si se meeschtens net mësstrauesch a falen dowéinst och op déi selwecht Masch eran.

An engem Fall goufen zum Beispill vun engem eenzegen E-Mail-Kont ronn 1.200 E-Maile mat deem PDF-Dokument an dem Link zur RMM-Software u weider Affer verschéckt. Well héich Geldtransaktioune bei Betriber net ongewéinlech sinn, fält esou e Bedruch net ëmmer direkt bei de Banken op.

Fir net Affer vun esou enger Bedruchsmasch ze ginn, recommandéiert d'Police folgend Mesuren:

- Et soll een ëmmer opmierksam a kritesch bei E-Maile mat komesche Fuerderungen oder bei Messagë sinn, déi zu enger séierer Reaktioun opruffen, sinn – och wann se vun engem bekannten Absender kommen.

- Wann Dir laang Zäit net um Büro oder um PC sidd, sollt Dir d’LuxTrust-Kaart aus dem "Liesegerät" huelen, fir ze verhënneren, datt d’Täter onerlaabt Iwwerweisunge maachen.

- Kontrolléiert ëmmer, ob d’Noriicht perséinlech un Iech geriicht ass an ob se Feeler oder falsch Iwwersetzungen enthält.

- Wann d’Hierkonft vun enger Noriicht net kloer ass oder Dir Zweiwel hutt, zéckt net, d’Organisatioun direkt ze kontaktéieren.

- Klickt ni op verdächteg Links oder Dokumenter, déi Dir per E-Mail kritt hutt.

-  Wann Dir mengt, op esou e Link geklickt ze hunn, loosst Äre Computer iwwerpréiwen, well RMM-Software meeschtens net vun engem Antivireprogramm erkannt gëtt.

-  Wann Dir verdächteg Software entdeckt hutt, ännert no der Kontroll vum Computer direkt Äert Passwuert a virun allem Äre LuxTrust-PIN.

- Kontrolléiert Är Bankkonten a mellt all verdächteg Transaktioun direkt bei Ärer Bank.

- Sollt Dir Affer vun esou engem Bedruch ginn, kontaktéiert esou séier wéi méiglech ee Policebüro a gitt eng Plainte of.