ABBL verséchert, dass d'Banken an och den Lux-Trust-Zertifikat sécher sinn
Mat engem gefälschte Site haten Onéierlecher Dosende Clienten vun der Bank BIL seriö Zommen stibitzt.
RTL weess vun op mannst 45 Affer, déi sech an tëscht regroupéiert hunn, well si sech vun hirer Bank am Stach gelooss fillen.
D‘Bankenassociatioun ABBL verséchert awer, dass d‘Bank an och den Lux-Trust-Certificat sécher wären. A si erënnert drun, dass een als Client extrem oppasse muss.
Well d‘Gauner si keng Klengkrimineller, et sinn technesch verséiert Professioneller. Den Trick mat der Fake-Websäit kennt ee bei der Bankenassociatioun.
Jerry Grbic, Direkter ABBL:
„Et gëtt op där Säit da virgegaukelt, dass et en technesche Problem gëtt an et dofir laang dauert. Hannendru gëtt awer d‘Identifikatioun, déi de Client ginn huet, genotzt. Déi Kriminell wësse jo dann, wéi eng Bank concernéiert ass. Si connectéiere sech dann um richtege Site. Si waarden dann drop, dass hiert Affer sech am Stress nach eng Kéier aloggt, an och LuxTrust notzt fir eran. Da kënnen déi Kriminell d‘Transaktioune maachen.“
Wien déi Prozedur matgeet, huet leider e Feeler gemaach. De Mënsch wär de Schwaachpunkt. Esou argumentéieren d‘BIL selwer an d‘ABBL, an op Nofro hin - just iwwer Mail - och Lux-Trust.
„Stand haut ass et esou, dass déi Banken, déi concernéiert sinn an och LuxTrust hir Systemer iwwerpréiwen. Do ass keng Faille“, esou de Jerry Grbic.
Affer wéi d‘Juliana Mondot oder de Claude Melchior, déi dës Woch op RTL temoignéiert hunn, lueft d‘Bankenassociatioun. Ze dacks géifen Affer sech schummen.
„Ech si frou, dass d‘Leit, déi leider Affer goufen, awer driwwer schwätzen. Esou gëtt de Problem thematiséiert. Dat ass wichteg fir d‘Preventioun.“
Dofir nach eng Kéier de Rappel:
Generell soll ee virsiichteg sinn. Léiwer eppes eemol ze vill hannerfroen.
Banken wëllen ni de Weekend iwwer, op Feierdeeg oder owes spéit eppes vun hire Clienten a keng Donnéeën iwwer Telefon.
Sech net ënner Drock setze loossen.
Et soll ee besser d‘Banken-Applikatioun um Handy notzen.
Oder d‘Websäit manuell antippen.
Wann een trotzdeem op en Trick erafält, soll een dem Jerry Grbic no direkt op den 49 10 10 uruffen, deen ass 24 op 7 disponibel.
Den Jerry Grbic, Direkter vun der ABBL:
"De 49 10 10 kann een notzen, fir de LuxTrust ze blockéieren. Da kann ee verhënneren, dass nach méi Suen ofgebucht ginn, wann déi Kriminell d‘Donnéeën hunn."
Seng Bank soll een natierlech séier informéieren. An onbedéngt Plainte maachen. Dat confirméiert den Tim Pauly vum Service Preventioun vun der Police:
„Et soll ee Plainte maachen, da kënne mir eis e generellt Bild vun de Fraude maachen. An d‘Affer wëlle jo hir Suen zeréck. Eng Plainte ass e wichtegen Deel an der Prozedur, dass iwwerhaapt eventuell eng Assurance fir de Schued opkéim. An eng Plainte hëlleft eis bei der Enquête.“
ABBL a Police si sech sécher, dass de Problem vun der Online-Kriminalitéit zouhuele wäert. Eleng am éischten Trimester dëst Joer waren d‘Cyberattacken ëm 75 Prozent geklommen.
D‘Campagne cyberfraud.lu kritt am Oktober eng Suite. Se soll dozou bäidroen, d‘Leit ze sensibiliséieren. Op der Websäit fënnt een och all d‘Informatiounen, wéi ee sech géint Online-Arnaquë protegéiere kann.