Kritik kënnt awer vum Mouvement Ecologique, well ënner anerem dëse Rapport vum Ëmweltministère ze spéit publizéiert gëtt.

Zejoert gouf am Grand-Duché manner d'CO2 ausgestouss ewéi nach dat Joer virdrun. Fir genee ze sinn, waren et annerhallwe Prozent manner CO2-Emissiounen ewéi am Joer 2023. Et wier dat fënneft Joer hannerteneen, datt de Grand-Duché seng Ziler erreecht hätt, wat d'Reduktioun vun den Zäregasemissiounen ugeet, schreift de Ministère fir Ëmwelt, Klima a Biodiversitéit e Freideg de Mëtteg an engem provisoresche Bilan.

RTL

© Ëmweltministère

Een Tëschebilan, deen eigentlech spéitstens en Donneschdeg hätt misse virleien, esou wéi et am Klimagesetz steet, war et e Freideg de Moien, also Stonnen éier de Rapport vum Ministère de Rapport publizéiert, d'Kritik vum Mouvement ecologique. Dat géing op e Neits weisen, wéi ee Stellewäert d’Klimakris fir d'Regierung hätt, huet et an deem Schreiwe vum Mouveco geheescht.