Keng Erliichterung beim Mouvement écologique

© RTL-Archiv
Lëtzebuerg huet seng CO2 Emissiounen d'lescht Joer ëm 1,5 Prozent am Verglach zu 2023 reduzéiert.
Dat geet aus dem provisoresche Bilan iwwert d'Zäregasemissiounen ervir, deen den Ëmweltministère e Freideg am Laf vum Dag publizéiert huet. Dem Klimaschutzgesetz no, kënnt dee Rapport en Dag ze spéit, dem Gesetz no hätt en nämlech bis den 31. Juli misste publizéiert ginn.
De Mouvement écologique hat e Freideg de Moien drop opmierksam gemaach, datt en nach net do wier an hat anengems kritiséiert, datt d'Regierung d'Problematik vun der Klimakris géif verkennen.
De Mouvement écologique ass elo natierlech zefridden, datt de Rapport virläit, allerdéngs net erliichtert iwwert dat, wat dodran ze liesen ass. De Gesamtbudget vun den Emissiounen gëtt zwar respektéiert, mä wann een déi eenzel Secteure kuckt, ginn an 3 vu 5 Secteuren d'Ziler net areecht.
"Dat gëtt esou ënnerschwelleg am Communiqué erwäänt. Et gëtt net verstoppt, mä et ass awer keen Thema an zwar, dass mir déi Quoten, déi eis fir 2024 zoustinn, dass mer déi massiv iwwerschratt hunn. Just fir ze soen an der Industrie zu 38 Prozent, bei de Gebaier, obscho mer net grad e Bau-Boom hunn, ëm 11,6 Prozent."
Och am Secteur vum Offall an der Ofwaasser-Behandlung goufen 9,2 Prozent méi Zäregasemissiounen notéiert, wéi Lëtzebuerg sech virgeholl hat. Déi dräi Secteuren an deenen déi Limitt iwwerschratt gouf, maachen zesummen 30 Prozent vun all den CO2-Emissiounen aus. Am Transport, deen eleng 59 Prozent ausmécht, ass Lëtzebuerg 11 Prozent ënnert der Limitt bliwwen.
Et sinn awer net eleng Zuelen mat deenen den Mouvement écologique net zefridden ass. D'Blanche Weber seet, d'Regierungsmemberen géifen a Saache Klimaschutz Aussoe maachen, bei deenen engem Dronkenellen ausginn. Ee Beispill, dat fir den Esprit vun der Regierung géif stoen, wier d'Ausso vun der Mobilitéitsministesch, datt de Flughafen misst ausgebaut ginn.
"An zwar hätte mer elo 5 Millioune Passagéier an 2040 wiere mer op 8 Milliounen. Ech mengen, datt jiddereen, deen elo nolauschtert, weess, datt fléien an CO2 eppes mateneen ze dinn huet. Et weess een och, datt Länner wéi Frankräich probéieren Regionalflich anzegrenzen. D'Madamm Backes schwätzt hei, wéi wann dat absolutt dat normaalst vun der Welt wier, vun engem extreemen Zouwuess vum Fluchtrafic vun de Belaaschtungen fir d'Leit net ze schwätzen. Wat se mam Cargo wëll maachen, wësse mer net."
Wou net verkannt géif ginn, wéi wichteg den Klimaschutz wier, wier zum Beispill um internationale Geriichtshaff.
Deen huet an enger Expertise vum 23. Juli festgehalen, datt Klimaschutz eng Prioritéit a vëlkerrechtlech verbindlech muss sinn.