Vakanzenzäit ass Abrochzäit. Dat widderhëlt sech Joer fir Joer. A fir de Brigangen d'Handwierk ze leeën, muss een dacks just e puer Mesuren ergräifen.

D‘Police gëtt net midd ze widderhuelen, op wat ee muss oppassen.
 
Eng kleng Ficelle un der Dier geet den Abriecher duer, fir erauszefannen, ob Dir doheem sidd oder net. Den Tim Pauly vum Service Preventioun vun der Police erkläert:
 
"Dee Modus operandi war zejoert schonn eemol opgedaucht. Dat betrëfft an der Haaptsaach Residencen. Da ginn d‘Diere vun den Appartementer mat Ficellen oder engem Stéck Pech markéiert, fir ze kucken, ob se no puer Deeg eemol beweegt goufen. Wann net, da probéieren d‘Abriecher an d‘Wunneng ze kommen."
 
D‘Entréesdier vum Appartement, mee och d‘Haaptentréeë vu Residencë soll ee richteg mam Schlëssel zouspären, esou den Tipp vum Expert. Fir d‘Hausdier gëllt selbstverständlech dat selwecht. Da soll ee sengen Nopere Bescheed soen, wann een an d‘Vakanz geet, a bei der Alarmanlag net spueren. Den Tim Pauly erënnert drun, dass säi Service bei der Police och Berodungen offréiert.
 
"Mir kënne bei d‘Leit heem goen, fir ze soen, wat Sënn mécht a wat net. En Alarmsystem vun enger Firma kascht tëscht 2.500 a 5.000 Euro. Et soll ee System sinn, dee gutt funktionéiert. Soss léist een en ze dacks aus.“

 
Eng Wunneng oder en Haus soll ëmmer bewunnt ausgesinn.
 
"D‘Rolllueden net alleguer systematesch zoumaachen. Et kann een och mat Beliichtung schaffen. Entweder mat Luuchten, déi een time kann, oder iwwer eng App steiere kann."

Dobäi kënnen engem och d'Noperen hëllefen, andeems se sief et d'Rollluede verstellen, d'Boîte eidel maachen oder den Dreckseemer virun d'Dier stellen. Dës sollten och daagsiwwer een A ophalen.

"Et muss ee scho soen, datt an der leschter Zäit ëmmer méi am Dag agebrach gëtt, well de Gros vun de Leit schaffe geet oder d'Kanner an der Schoul sinn, bon an der Vakanzenzäit ass et e bëssi anescht. An awer, wann d'Leit net doheem sinn, gëtt éischter am Dag agebrach. Den Abriecher schellt oft, éiert en eppes probéiert a wann da keen opmécht oder wa se mierken, datt d'Haus onbewunnt ausgesäit, gi se probéieren."
 
D‘Police recommandéiert och, sech op police.lu an der Rubrik "Départ en vacances" anzeschreiwen. D‘Patrullen integréieren d‘Adress dann an hiren Tour. Iwwerhaapt soll een net zécken, dem 113 eppes Verdächteges ze mellen. Och wann ee suspekt Persoune fotograféiert oder gefilmt huet.
 
"Op de soziale Medien deelen, dat ass net esou optimal. Et ass scho besser, wann dat Material mat eis bei der Police gedeelt gëtt. Da kënne mir eng Enquête maachen."
 
Zanter e puer Méint gëtt uechter d‘ganz Land vill aus Autoe geklaut, respektiv et gëtt an d‘Ween agebrach.
 
"Zanter e puer Méint hu mir relativ vill Fäll vu sougenannte 'Klenscherten'. Déi probéieren d‘Klensche vun den Autoen, a wou se opginn, loosse si all Wäertsaachen a Bores matgoen."
 
Hei erënnert den Tim Pauly un eng einfach Preventiounsmesure: Et sollt een den Auto ëmmer zouspären an dat och kontrolléieren. Ausserdeem sollt ee keng Wäertsaache visibel am Auto leie loossen.

All dës Informatiounen iwwer preventiv Mesurë géint Abréch fannt Dir och um Site vun der Police. Do fannt Dir och eraus, wéi Dir iech géint Online-Arnaquë kënnt protegéieren, déi jo och éischter zou-, wéi ofhuelen!