Wat d’Éiwegkeetschemikalie praktesch mécht, mécht se och geféierlech. Se si bestänneg a sammele sech esou an der Ëmwelt an am mënschleche Kierper.

PFAS sinn eng Grupp vu chemesche Substanzen, déi op ville Plazen an den Asaz kommen. A waasserofweisender Kleedung, verschiddener Kosmetik oder Medikamenter, an anti-haft-Verpackungen, a Läschschaum, Killmëttel oder a gewëssen Dünger. Well se esou bestänneg sinn, si se och iwwerall an der Ëmwelt ze fannen.
 
Esou accumuléiert de Mënsch se och a sengem Kierper. Iwwert d’Ootmung, d’Iessen oder d’Haut. An héije Konzentratioune kënne verschidden Éiwegkeetschemikalien zu Kriibs, Cholesterol oder enger Reduktioun vun der Fruchtbarkeet féieren. Dëst weisen ënner anerem Etüden aus den USA, wou eng Partie Mënschen enger längerer Zäit enger héijer Belaaschtung mat der Éiwegkeetschemikalie PFOA ausgesat waren, erkläert d’Laurence Wurth vun der Direktioun vun der Santé. De PFOA géing awer zanter 2020 zu de verbuedene Substanze gehéieren.

Cocktail-Effekt vu PFAS ass wéineg erfuerscht

D’Auswierkunge vun den iwwer 10.000 verschiddene PFAS op de mënschleche Kierper bleift awer am allgemengen dacks onkloer. Besonnesch de sougenannte Cocktail-Effekt. "De Mënsch ass jo net just zu enger Substanz exposéiert, mee iwwert d’ganzt Liewen zu enger ganzer Rëtsch vu Substanzen. An den Impakt op d’Gesondheet vun deem Cocktail ass wéineg erfuerscht", betount d’Laurence Wurth, aus der Direktioun vun der Santé.
 
Gefuerscht zu dem Sujet gëtt ënner anerem am Luxembourg Institute of Science and Technology (LIST) zu Bieles. Hei gëtt de generellen Impakt vu PFAS op Zellkulturen analyséiert. Dobäi kéint ee feststellen, dass et en Effet gëtt, mee et kéint ee keng konkret Schlëss zéien, erkläert d’Emma Arnesdotter, Fuerscherin beim LIST. Et géing een ëmmer an enger Laborsituatioun bleiwen.

"Och wa mir bestëmmten Auswierkunge kënne feststellen. Mir hu vill Ofwiermechanismen an eisem Kierper, déi kéinten dësen Auswierkunge konteren", sou d’Fuerscherin. Ma bestëmmte Konsequenze vu PFAS op de Kierper schéngen sech awer erauszekristalliséieren. Zum Beispill gëtt den Immunsystem affektéiert. “D’Reaktioun vum Kierper op typesch Impfunge wéi Tetanus oder Riedele geet erof. Eis Fäegkeet, dës Krankheeten ze bekämpfen, ass méi kleng”, seet d’Emma Arnesdotter. An dat wier natierlech eescht ze huelen.

Éiwegkeetschemikalie sinn net gläich Éiwegkeetschemikalien

D’Fuerschung stécht am Allgemengen awer nach an de Kannerschong an ass extrem komplex. Net all PFAS sammelt sech t’selwecht vill am Kierper an ass och net t’selwecht toxesch. D’Éiwegkeetschemikalie TFA ass zum Beispill en Ofbauproduit vu verschiddene PFAS. Bis elo gëtt et hei am Land kee Grenzwäert fir den Taux am Drénkwaasser, mee en Orientéierungswäert, dee bei 12.000 Nanogramm pro Liter läit. Den TFA wier zwar och persistent betount d’Laurence Wurth, mee et wier eng ganz kleng PFAS-Moleküll. Dobäi wier beobacht ginn, dass se sech manner am mënschleche Kierper géing accumuléieren. "An de wéinegen Etüden, déi et ginn, gouf observéiert, dass et manner toxesch ass, wéi de PFOA", seet d’Biologin, déi awer och drop hiweist, dass et nach vill Incertitudë géinge ginn, an dofir d’Expositioun soll esou niddreg wéi méiglech gehale ginn. TFA géing een antëscht esouguer am Reen erëmfannen.

RTL

© Diana Hoffmann / RTL

Méiglechkeet vun engem PFAS-Verbuet

Den Ament préiwe fënnef europäesch Länner eng nei Direktiv, fir d’PFASen als Famill ze verbidden. “Ausser a ganz essentiellen Applikatiounen. An déi Propos ass bei der ECHA, der europäescher Agence fir chemesch Substanzen, an dat gëtt eben aktuell analyséiert", ënnersträicht d’Laurence Wurth. Do kéint Lëtzebuerg sech dann uschléissen. Zu Lëtzebuerg hätt een elo zanter Oktober zejoert en interministerielle PFAS-Grupp. Zil wier, d’PFAS nach besser am Waasser, am Iessen an am Buedem z’observéieren, awer och d’Expositioun vun der Populatioun ze kontrolléieren an ze suivéieren.

Doriwwer eraus géing een awer och kucken, wéi eng Mesuren ee kéint a verschiddene Secteuren huelen, fir d’Pollutioun vun der Ëmwelt sou niddreg wéi méiglech ze halen. "Et gëtt ganz vill Sourcen, a schlussendlech muss all Secteur eng gewësse Responsabilitéit iwwerhuelen an Aktioune proposéieren, déi ze maache sinn", mengt d’Laurence Wurth.
 
An Zukunft wëllt ee méi genee Chiffere kréien. Den Ament géing eng Etüd am Kader vun engem europäesche Projet lafen, wou den nationale Gesondheetslaboratoire (LNS) d’PFAS am Kierper vun 300 Kanner analyséiert. Spéider sinn dann 300 Erwuessener un der Réi.
 
Méi awer wéi nach d’Repercussiounen op d’Gesondheet z’ënnersiche sollt een awer kucken, fir d’Natur nees propper ze kréien, mengt d’Emma Arnesdotter. "Also un der Manéier fuerschen, wéi mer kënne d’PFAS aus der Natur eraus huelen. Dat wier mäi Wonsch. Weider ze fuerschen, wat eng 15.000 Komponente kënne maachen. Dat ass net dran", stellt d’Fuerscherin fest.
 
Hei am Land gi bis elo just 20 PFAS am Waasser gemooss. Dës däerfen de Grenzwäert vun 100 Nanogramm pro Liter net depasséieren. Aktuell läit ee wäit ënnert dësem Wäert mat 1.2 Nanogramm. Fir den TFA huet een sech en Orientéierungswäert vun 12.000 Nanogramm pro Liter ginn, an et läit ee bei  850.