Déi éischt fënnef Méint vum Joer géif den Tourismussecteur ganz positiv Zuelen opweisen, sou den Tourismus- a Kulturminister Eric Thill.

Dozou dréit och de Süde vum Land bäi, dee fréier d‘Häerz vun der Lëtzebuerger Industrie war.

Toruismus am Minett / Rep. Chris Meisch

Hautdesdaags sinn d‘Minnen, déi al Eisebunnslinnen an Aarbechterhaiser zwar net méi a Betrib, dofir awer wichteg Destinatioune fir den Tourismus. Tëscht raschtege Schinnen a restauréierte Lokomotive sicht de Süde vu Lëtzebuerg no enger neier Roll, an dat, ouni seng industriell Vergaangenheet ze vergiessen. Hei kommen all Joers Dausende Leit sech d‘Lëtzebuerger Geschicht ukucken.

Eleng zejoert huet den Tourismussecteur zu Lëtzebuerg méi wéi 3,6 Milliounen Iwwernuechtunge registréiert. En historeschen Héichpunkt, zu deem besonnesch d‘Minett mat Offere wéi dem Train 1900, dem Minett Park an de sougenannte Kabaisercher bäigedroen huet. Am Fond-de-Gras kann een awer net nëmmen iwwernuechten, ma och mat der Minièresbunn matfueren. Esou grouss Installatioune loosse sech awer net just vun der Vente vun den Tickete finanzéieren, erkläert de Joël Miltgen vun der Asbl Minièresbunn Doihl.

"Domadder kann een da Kuele kafen oder den Ueleg, dat geet. Mee alles wat doriwwer eraus geet, brauch een eeben am Fong déi ëffentlech Hand, an anere Wieder INPA, deen eeben dat Ganzt finanzéiert. Wann ee weess eng Damplokomotiv an d‘Revisioun schécken, kascht ee ganz grousse Betrag, do misst ee Joerzéngten einfach nëmmen Zich fueren a kee Su ausginn, an da kritt een et nach ëmmer net bezuelt. Dat heescht ouni déi ëffentlech Hand ass esou eppes net finanzéierbar."

Zënter den 1980er Joren huet de Lëtzebuergesche Staat zesumme mam INPA, dem Institut national pour le patrimoine architectural, an den CFL un der Erhalung vum nationalen Eisebunnspatrimoine geschafft, wou d‘Reparatiounen an d‘Maintenanceaarbechte gréisstendeels vu Benevolle gestemmt ginn.

Zu Péiteng nieft der Eisebunnslinn Richtung Fond-de-Gras gëtt elo well geplangt, een Eisebunnsmusée ze bauen, esou de Patrick Sanavia, Direkter vun der INPA.

"Et gëtt net nëmmen eng Ausstellung vun Zich a Waggon‘en, et ass déi Plaz, wou mir probéieren déi ganz Geschicht vun der Lëtzebuerger Eisebunn ze weisen. Architektur wäerte mir och dobannen hunn. Mir konnten effektiv mat den CFL zesummen ee groussen Deel vun der Ettelbrécker Gare uerdentlech ofbauen a mir denken drun, wann de Projet dierf geschéien, dass mir een Deel vun der Ettelbrécker Gare rëm wäerten an deem Zuchmusée do opriichten."

Wann een iwwer den Tourismus am Süde vu Lëtzebuerg schwätzt, dierf een op kee Fall de Beetebuerger Park vergiessen, deen zejoert mat 283.000 Visiteuren zu de meeschtbesichten Attraktiounen am Land gehéiert. Fir d‘Attraktivitéit vum Park oprecht ze erhalen, gëtt net just an nei Attraktiounen investéiert, mee och an d‘Infrastruktur an erneierbar Energien, esou den Direkter vum Parc, Marc Neu.