D’Grondsteier, d’Steier op all privaten Immobiliëbesëtz, gëtt reforméiert. Donieft kënnt elo eng nei Tax op eidel Terrainen, déi bebaubar sinn.

Ënnert dem Motto "Bauen amplaz spekuléieren" hunn den Inneminister Léon Gloden an de Logementsminister Claude Meisch Mëtt Juli hir Pläng presentéiert.

Haten d’CSV an DP net gesot, mat hinne géing et keng Steierhaussë ginn?

Dat bleift an deem heite Fall och esou. D’Grondsteierreform an déi nei Tax op eidel Terrainen géinge fréistens 2029 ënner Form vu Pilotprojet an 2030 ganz a Kraaft trieden, also no den nächste Walen.

Déi aktuell Grondsteier géing de Gemengen tëscht 35 a 40 Milliounen Euro Recettë pro Joer erabréngen an no der Reform – mat den neie Parameter – géing dee Montant och stabel bleiwen. Lëtzebuerg ass laut OECD-Rapport vun 2022 dat Land, wou d’Grondsteier am mannste Recette generéiert.

War d’Reformpropos vun der viregter Regierung scho ganz bescheiden, esou gouf déi Propos nach weider verwässert. Engersäits géing d’Forschette vum Gemengentaux vu 9 bis 11%, dee sollt applizéiert ginn, ewechfalen. D’Gemenge kéinten theoretesch 0 froen. An esouguer wann d’Gemengen 10% froen, esou misst ee fir en Terrain vu 6 Ar zu Miersch zum Beispill just 144 Euro bezuelen.

D’Besëtzer sollen duerch déi nei Mobiliséierungstaxen zum Baue beweegt ginn: Eng Tax op eidel Terrainen, déi am Bauperimeter sinn. Mee och hei géing een theoretesch réischt no fënnef Joer progressiv kleng Montanten bezuelen. An Abattementen, wann een den Terrain fir seng Kanner hält, gëlle bis d’Kand 35 Joer al ass.

D’Besëtzer kennen hire Kapp also nach eng Zäit laang a Rou leeën. Et ass net ersiichtlech, ewéi d’Regierung drop kënnt, fir vu "méi bauen a manner spekuléieren" ze schwätzen.

Sollten dann net och eidel Wunnenge besteiert ginn?

Dach, déi viregt Regierung hat e Projet, fir vum éischte Joer un, wou eng Wunneng eidel wier, 3.000 Euro Taxen ze froen. Dann all Joer méi bis op 7.500 Euro.

Dee relativ harmlose Projet ass vun der aktueller Regierung Mol op Äis geluecht ginn, well e Leerstands-Regëster mol néideg wier. Dee Projet ass deposéiert, mee dat Ganzt schleeft. Et gëtt sech d’Liewe komplizéiert gemaach oder ze vill de Kapp zerbrach, fir erauszefannen, ob eng Wunneng eidel ass oder net.

Lëtzebuerg huet sech fréier um Code Napoleon an um däitsche Gesetz inspiréiert. Mee elo gëtt net gekuckt, ewéi et am Ausland geet.

Zu Vancouver a Kanada zum Beispill muss e Besëtzer eng Deklaratioun ausfëllen. Eng Steier vun 3% op d’Valeur vum Bien gëtt et, wann en net ka beweisen, datt hie selwer sechs Méint d’Joer an der Wunneng wunnt, se verlount, probéiert ze verlounen oder renovéiert (et ginn nach puer weider Ausnamen). Eng einfach Method, déi d’Politik heiheem iergendwéi net wëll gesinn. Laut der Stad Vancouver hätt sech den Taux un eidele Wunnengen bannent fënnef Joer méi ewéi hallwéiert.

Bleift also mol alles beim alen?

Quasi jo.

Allerdéngs muss een och soen: Fir de Problem vum Manktem u Wunnengen, déi ee sech mat engem normale Loun nach ka leeschten, ze léisen, mussen eng Rei Rieder aneneegräifen.

Steiere kënnen, wa se wéi dinn, d’Offer wuel stäerken an d’Präisser bremsen, mee Steieren eleng ginn net duer. Ass en Terrain nämlech mol mobiliséiert, determinéiert net just d’Marge, déi de Besëtzer wëll maachen de Präis, mee och wéi vill däerf drop gebaut ginn.

An d’Norme kaschten och: Accessibilitéit, Ëmwelt oder Patrimoine – sinn ëmmer gutt gemengt, mee bedeiten och méi Zäit, méi Material a manner Metercarré.

D’Regierung wëll jo a Punkto Prozeduren Neel mat Käpp maachen. Un all déi Saachen, déi d’Offer wierklech bremsen – d’Gemengenautonomie an d’Normen – geet se awer net drun oder just mat Pincetten.

D’Politik krut et ni hin, d’Offer konsequent ze stäerken. D’Demande stäerken, dat krut se awer ëmmer gutt hin. D’Demande bremsen ass awer eng méi ewéi quokeleg Affär. Dat weist rëm d’Beispill vu Kanada, wou auslännesch Investissementer an Immobilien a Stadzentren vun 2023 bis 2027 verbuede waren a sinn. D’Präisser solle bësse gebremst gi sinn, mee d’Promoteure protestéieren dogéint, well d’Offer op Dauer nees geschwächt géing ginn.

Kënnt engem bekannt vir.

Op d’mannst sinn d’Zënsen e bëssen erofgaangen, quitt datt dat nees d’Demande stäerkt.