D'Police mellt um Mëttwoch de Moien, dass an de leschte Stonnen nees aus Autoe Saache geklaut goufen.

Als Beispiller nennt d'Police een Tëschefall zu Garnech an der Rue de Holzem. Hei goufe Wäertgéigestänn aus engem Auto geklaut.

Um Mëttwoch de Moie gouf dann nach an en Auto an der Rue Sainte Zithe op der Stater Gare agebrach. Hei wieren e puer Schong, e Rimm, eng Posch an eng Fläsch Parfum geklaut ginn.

Alkohol um Steier

D’Police huet en Dënschdeg dräi provisoresch Fuerverbueter wéinst Alkohol um Steier ausgeschwat. Eemol gouf der Police géint 5 Auer en Accident zu Nidderkuer an der Longkecher Strooss gemellt, bei deem en Auto an d’Trap vun engem Haus geknuppt war. Den Alkoholtest vum Chauffer war positiv. 
 
Dann nach emol am spéide Mëtteg op Héicht vum Radar tëschent Fréiseng an dem Schlammestee, wou den opfällege Chauffer de Beamte gemellt ginn ass.
 
En drëtt provisorescht Fuerverbuet gouf et géint der Owend, wéi Beamten an der Stad an der Rue Wiltheim e Chauffer gestoppt haten, dee wéinst senger geféierlecher Fuerweis opgefall war.