LSAP an déi Lénk si ferm rose mat der Spuerkeess

© Domingos Oliveira / RTL
Si mengen, déi Responsabel vun der BCEE hätten d'Caritas-Spezialkommissioun beduckst.
Dat, well se näischt dovu gesot hunn, datt d’Bankesupervisioun hinnen eng Strof vu bal fënnef Milliounen Euro géing ginn, wéinst de Lacunnen an hirem Dispositif géint Geldwäsch an Terrorfinanzéierung.
Dovu woussten d’Spuerkeess-Responsabel schonn dräi Deeg, wéi si an d’Spezialkommissioun waren. De Franz Fayot vun der LSAP erënnert sech awer: "Wéi se komm sinn, war et plus ou moins den Discours fir ze soen, et ass alles agehale ginn, mir hunn alleguerten d’Prozedure respektéiert, et ass kee Feeler gemaach ginn a mir hunn do näischt domat ze dinn."
An dofir seet de Marc Baum vun déi Lénk: "D’Spuerkeess-Direktioun huet der Chamber net déi komplett Wouerecht gesot, si huet esou guer de Géigendeel vun deem behaapt, wat d’CSSF seet. An dat geet net, dat ass intenable."
Wat der Spuerkeess hir Verdeedegungslinn ugeet, d’CSSF hätt net gesot, datt d’Fraude bei der Caritas op d’Lächer an hirem System zréckzeféiere wieren, seet de Marc Baum, dat wier net der CSSF hir Missioun, dat ze beliichten: "Ech mengen awer, datt een einfach feststelle muss, hei si wesentlech Spillreegele vu Säite vun der Spuerkeess net agehale ginn."
Och de Premier Luc Frieden, un dee Lénk an LSAP nawell gepeffert parlamentaresch Froe geriicht hunn, hat der Spezialkommissioun näischt vun der Sanktioun gesot, obschonns d’CSSF der Spuerkeess se scho matgedeelt hat.
De Marc Baum freet: "Wosst hien dat, wa jo, firwat huet hien dat net mat der Chamber gedeelt, mengetwegen och ënner der Form vun engem Huis clos?"
Fir de Franz Fayot stellt sech d’Fro vun der politescher Responsabilitéit, well d’Spuerkeess dem Staat gehéiert an ee Vertrieder am Verwaltungsrot huet. Dofir wëll och d’LSAP wëssen, wéini d’Regierung dovun au courant war, wat eng méiglech Responsabilitéit vun der Spuerkeess wier: "A wéi ee sech da verhalen huet, zu där ganzer Caritas-Affär. Et ass ni vun enger Matverantwortung vun de Banke geschwat ginn zu kengem Zäitpunkt."
E Probleem, well wann d’Prozeduren en place gewiescht wären, kann een op d'mannst spekuléieren, datt iergend en Alarm lass gaange wier, ier all d’Caritas-Millioune fort waren.
Ma och well d’Krisegestioun soss vläicht anescht verlaf wier: "Dann hätt ee vun Ufank u kënnen kucken, fir en Arrangement ze fannen, mat deenen zwou Banken, fir eng Caritas da méiglecherweis ze retten."
Datt d’Spuerkeess prett wier, en Arrangement mat der Caritas ausserhalb vun engem Geriichtssall ze fannen, dat wier den Ufank vun engem Aveu, fënnt hien.
D’Spuerkeess selwer war bis elo net bereet, fir RTL en Interview ze ginn.
Um Mëttwoch de Moien huet een awer via Communiqué reagéiert.