Mam Virement instantané sinn d'Sue bannent zéng Sekonnen vun engem Kont op deen aner iwwerwisen - an dat och ausserhalb vun de Bürosstonnen...

Bei de rezenten Frauden, ob déi eng ganz Partie Leit era gefall sinn, huet dat dozou gefouert, datt d’Suen net méi ze recuperéiere waren. Vun der EU als Service um Client ugeduecht, ass de Virement instantanté näischt wouno d’Banken gefrot hätten. A si ginn ënnerschiddlech domat ëm.

Virement instantané - Reportage vum Michèle Sinner

Vum Virement instantané – "Instant payment" op englesch - hu bei de rezenten Phishing-Attacken virun allem d’Raiber profitéiert. Déi Arnaque ware meeschtens weekends oder owes. Ma wéi de Jerry Grbic vun der Bankiersassociatioun ABBL erkläert: "Wann deen Transfert bis gemaach ass, sinn déi Sue fort. Mir kënnen ëmmer als Bank probéieren, déi Suen zréck ze kréien, mee do gëtt et leider keng Garantie."

Ma opgepasst, esou eng Demande de retour des fonds, déi bréngt och nach emol Bankfraise mat sech. E klassesche Virement hätten déi beduckste Clienten eventuell nach selwer kënnen annuléieren. Dee wier nämlech net vum Kont ofgaangen, bis wärend de Bürosstonnen een op der Bank sech drëms gekëmmert hätt, de Virement z’exekutéieren. 
Et ass eng Neierung no där d’Banken net gefrot hunn, ënnersträicht den Jerry Grbic, déi hu vill missen investéieren, fir datt se all hir obligatoresch Kontrolle bannent deenen zéng Sekonnen kënne maachen. D’Cliente kënne beim eenzelen Virement auswielen, ob e soll direkt oder méi spéit gemaach ginn.

"D’Situatioun kann elo sinn, datt déi eng Bank seet d’office ass den Instant payment bei eis ageloggt an dir kënnt uklicken, fir et net ze maachen. Oder ëmgedréint, datt ee seet d’office ass et net instant payment, mee dir musst et uklicken fir et ze maachen." Wéi och ëmmer klicken d’Raiber, déi sech Zougang op e Bankkont verschaaft hunn, jo warscheinlech op e Virement instantané, fir d’Suen séier ze klauen. De Jerry Grbic seet:

"Wat elo eng Bank zum Beispill mécht, wann der iwwert den E-Banking, de Computer doheem wëllt e Paiement maachen un e neie Beneficiaire, datt dat net direkt geet. Datt der fir d’éischt musst dee Beneficiaire enregistréieren an dann eréischt den Dag dono kënnt e Paiement un dee Beneficiaire maachen." Dat wier eng zousätzlech Sécherheet.

"En Revanche, wann der de Paiement wëllt direkt maachen ass et méiglech iwwert d’Applikatioun vun ärem Telefon, well do jo gewosst ass, datt Dir et sidd. Déi Authentifikatioun mat Luxtrust um Handy mat Contrôle facial – do ass dann den Degré vun der Sécherheet méi héich, wéi wann der iwwert eng Websäit gitt, déi net der Bank entsprécht." Dat ass eng Bank, mee et gëtt net eng Linn fir se alleguer. De Moment kann ee senger Bank och net soen, datt een iwwerhaapt keng Instant payments wëll, fir Arnaquen aus de Féiss ze goen.

"Et kéint awer eng Méiglechkeet sinn, datt d’Banken soen, datt wann Dir d’office sot, fir all är Transaktiounen wëllt der keen Instant payment, datt déi Funktionalitéit en place gesat gëtt. Dat kann ech iech haut net soen, mee dat wier eng Méiglechkeet, fir dat z’evitéieren."

Weider Informatiounen iwwert d’Bank-Transferten a wéi ee sech bei Bedruchsversich soll verhalen.