Enn Juli huet d’Bankenopsiicht CSSF eng Strof géint d’Spuerkeess an Héicht vu 5 Milliounen Euro geschwat.

Caritas Verwaltungsrot: Keng Plainte géint Spuerkeess / Reportage: Anne Wolff

Dat well d’Bank verschidden Opsiichtsmechanismen nach net en place gesat hat, obwuel se schonn 2018 bei enger Kontroll dorop opmierksam gemaach gouf. D’Bank selwer gesäit keen direkten Zesummenhank tëscht der Caritas-Fraude, bei där iwwer d’lescht Joer 61 Milliounen Euro verschwonne sinn, an der Strof vun der Bankenopsiicht. Ob de Bedruch duerch déi reklaméiert Kontrollmechanismen hätt kënne verhënnert ginn, kéint een net soen. Elo reagéiert de Verwaltungsrot vun der Caritas. D’Nathalie Frisch, Member vum Verwaltungsrot, erkläert, et wier net un der Caritas, Stellung zu der Strof ze bezéien, et wier een awer weider der Meenung, dass d’Bank hätt missen anescht handelen. Eng Plainte géint d’Spuerkeess hätt d’Caritas net gemaach, an och eng zivil Prozedur hätt een nach net ugestrieft.

D’Direktesch vun der Spuerkeess hat rezent annoncéiert, et wéilt een op d’Caritas duergoen an aussergeriichtlech eng Léisung fannen. Allerdéngs hätt et do nach keng konkret Gespréicher ginn, präziséiert d’Nathalie Frisch: "Ech mengen de Rapport, deen ass jo elo eréischt erauskomm. An do muss elo mol fir d'éischt jiddwereen op senger Säit dee Rapport am Detail analyséieren. An dann, fir eventuell iergendwellech Gespréicher ze féieren, ass et natierlech och elo, wou d'Leit ofwiesselend an de Congéë sinn, net esou evident. Dofir rechnen ech net domadder, datt do iergendeppes viru Mëtt an Hierscht wäert dobäi erauskommen. Well bis dohinner wäerte warscheinlech net ganz vill Gespréicher stattfannen."
 
Och bei der BGL-BNP-Paribas krut d'Caritas Kreditlinnen accordéiert, ma och hei géif et nach keng konkret Gespréicher, wéi ee sech kéint eens ginn.

Kënne Membere vum Verwaltungsrot vun der Caritas responsabel gemaach ginn? 

Aktuell steet d’Finanzdirektesch vun der Caritas weider ënnert Contrôle judiciaire. Dass elo och Membere vum Verwaltungsrot kéinten zur Verantwortung gezu ginn, gesäit d’Nathalie Frisch éischter manner. D’Membere vum CA wieren do, fir déi grouss Linne virzeginn, awer net, fir sech aktiv an d’Dagesgeschäft anzemëschen: An enger ASBL kann en eenzele Membere vun engem Verwaltungsrot dann haftbar gemaach ginn, perséinlech wann e wierklech e Feeler gemaach huet an der Ausübung vu senger Funktioun. Wou ech elo Stand haut, mat deenen Informatiounen, déi eis virleien, net gesinn, wien do am Verwaltungsrot elo e Feeler gemaach hätt, deen esou wär, datt en ënnert déi Krittäre géing falen".

Schlussendlech misst een awer ofwaarden, wat d’Enquête géif erginn. Schonn éier de Bedruch am Juli 2024 opgeflu war, hat e Reviseur wuel d'Finanzdirektesch op Onreegelméissegkeeten higewisen. Ma do wier de Verwaltungsrot net am Bild gewiescht, seet d'Nathalie Frisch. De Reviseur hätt dem CA eng "Opinion sans réserve" virgeluecht: "Ech mengen, de Reviseur ass jo dofir do, fir déi Kontrollen ze maachen. Wann de Reviseur do net all d'Äntwerte kritt hätt vun der Finanzdirektesch, hätt en och keng Opinion sans réserve a sech däerfe ginn. Dat heescht, do stellt d'Fro sech, firwat huet de Reviseur déi ginn? An déi Äntwerte krute mir leider net." 

Wat geschitt mat den Immobilië vun der Caritas?

D’Caritas huet nach ëmmer eng ganz Rëtsch Immobilien. Wéi vill genee et der sinn, dat wier elo schwéier ze soen, seet d’Nathalie Frisch: D’Caritas hätt bei ville Gebaier eng Part, anerer, wéi de Sëtz vun der Fondatioun, géifen natierlech der Caritas gehéieren. Wat domat geschitt, och dat géif un der Diskussioun  mat de Banken, respektiv mam Staat hänken: "Ech mengen, mir sinn och amgaangen, d'Dekonte mam Staat ofzeschléissen, wou een da fir d'éischt emol muss gesinn, wou sti mer do, wann déi Dekonte bis duerch sinn, bis déi validéiert sinn, fir ze wëssen, ob a wat dann nach u Schold wou opsteet. An da muss een eeben decidéieren, wéi eng Immobilien a wéi vill vun den Immobilie gegeebenenfalls musse verkaf ginn, respektiv, ech mengen do muss een einfach kucke wat elo an nächster Zukunft en vente gesat gëtt oder wann elo eng Offer do ass, déi vun iergendwou géing kommen, da kann ee sech dat natierlech ëmmer iwwerleeën, mee am Moment ass net elo konkreet iergendeppes am, wat elo geschwë géing ënnerschriwwe ginn".