Den nationale Canicule-Plang soll eeler Leit schützen
Zemools eeler Persoune gëlle bei héijen Temperaturen als besonnesch vulnerabel.
MeteoLux huet fir en Dënschdeg an e Mëttwoch wéinst den héijen Temperaturen eng Alerte jaune erausginn, respektiv souguer eng Alerte orange. Zemools fir eeler Persoune kann esou Wieder immens geféierlech sinn. Dofir gëtt och bei de Visitte vun de Fleegedéngscht ëmsou méi gekuckt, datt d’Leit hydratéiert bleiwen, mee net nëmmen. Lëften, d’Leit aus der Sonn halen a vill Waasser zerwéieren. Op dat alles gëtt am Summer méi opgepasst.
Net jidderee gëtt awer vun engem Fleegedéngscht betreit. Den nationale Canicule-Plang gesäit vir, dass am Fall vu grousser Hëtzt och no eelere vulnerabele Leit gekuckt gëtt, déi isoléiert liewen. De Plang gesäit vir, datt an Zesummenaarbecht mat der Croix Rouge Visitte bei der eelerer Populatioun organiséiert ginn. Just datt de Plan canicule trotz Hëtztwellen an de leschte Joren net méi declenchéiert gouf.
Dës Visitte musse vum Direkter vun der Santé lancéiert ginn. Et ginn awer spezifesch Konditiounen, déi antriede mussen, fir datt dëse Service geliwwert ka ginn. Et muss eng Alerte Rouge, dat heescht iwwert 35 Grad mat enger Moyenne vun iwwert 23 Grad an de leschte 24 Stonne ginn. Dobäi kënnt nach, dass et eng gewëssen Unzuel un Hospitalisatioune wéinst Deshydratatioun bei der eelerer Populatioun muss ginn. De Plan canicule gouf, trotz Hëtztwellen an de leschte Joren, net méi declenchéiert.
Nëmme Leit iwwer 75 Joer kéinten am Fall vum Canicule-Plang vun dëse Visitte profitéieren. Den Alter ass net déi eenzeg Konditioun, déi erfëllt muss ginn.
Weider Informatioune fënnt ee bei der Croix Rouge um Internetsite.