Keng Indicë fir Fale mat Nylonsfiedem zu Lëtzebuerg

© Pierre Weimerskirch
Am franséische "Kirchberg" ass e Mountainbiker mat engem gespaanten Nylonfuedem um Hals blesséiert ginn. Sinn esou Fäll och hei zu Lëtzebuerg bekannt?
Mir hunn nogefrot! Den Detail zum Tëschefall a Frankräich kann een hei noliesen.
Keng separat Erfaassung bei der Police
D’Police deelt op Nofro mat, datt esou geziilte Phenomener net separat an de Statistike gefouert ginn. Kommen esou Fäll vir, gi se an d’Kategorie "muttwëlleg Kierperverletzung" ("coups et blessures volontaires") agedroen. Konkreet Zuele géif et dofir net ginn.
Aktuell géifen der Police keng Indicen oder Donnéeë virleien, déi op e gréissert Phänomen hei am Land géifen hindeiten. D’Pressespriecherin erënnert awer drun, datt all Persoun, déi eppes Verdächteges observéiert oder selwer betraff ass, dat onbedéngt bei der Police melle soll.
Lieser mellt aner Forme vu geziilte Geforen
Op eisem Artikel hu mir och eng Mail vun engem Lieser kritt, dee vill mam Mountainbike am Süde vum Land ënnerwee ass. "Perséinlech hunn ech nach ni esou en Nylonsfuedem begéint”, schreift hien.
"Wat awer des Ëfteren de Fall ass, ass datt deck Steng oder Äscht matten an de Wee geluecht ginn, heiansdo op enger Streck vun 100 bis 200 Meter. Et ass net esou geféierlech wéi e gespaanten Drot, mee d’Intentioun ass kloer: e Mountainbiker ze blesséieren."