Mountainbiker mat gespaantem Fuedem um Hals blesséiert

Op de soziale Medie suergt e Post fir Konfusioun. E Mountainbiker gouf am franséische Kirchberg um Hals mat engem Fuedem blesséiert.
An de soziale Medien hu verschidde Leit gemengt, et géif sech ëm de Lëtzebuerger Kierchbierg handelen, mee dat ass net de Fall. Den Tëschefall spillt sech a Frankräich, am Haut-Rhin, of.
Fuedem iwwer de Wee gespaant
E Sonndeg, den 9. August, war de 40 Joer ale Vëlosfuerer Hervé Mattern um Mountainbike am Bësch am franséische Kirchberg ënnerwee. An enger séierer Descente ass hien abrupt gestoppt ginn.
Am Wee war e bloen Nylonfuedem gespaant, genee op der Héicht vum Hals.
"Ech krut keng Loft méi, ech hat Angscht, et géif ee mech erwiergen“, zitéieren déi franséisch Medien de Mann.
Glécklecherweis ass de Potto, un deem de Fuedem fixéiert war, duerch d’Kraaft vum Impakt gebrach, soss hätt de Fuedem schwéier Blessuren oder nach méi schlëmm Konsequenzen ausléise kënnen. Trotzdeem huet de Mann eng Blessur um Hals.
D’Police huet eng Enquête opgemaach. De Buergermeeschter vu Kirchberg sot a franséische Medien, datt dat déi éischte Kéier wier, datt si vun esou engem Virfall an hirer Gemeng héieren hunn. An der Regioun goufen awer an de leschte Joren ëmmer nees Fäll gemellt, wou Fiedem oder Kabelen iwwer Vëlos- a Wanderweeër gespaant goufen.
Mir hunn och bei der Lëtzebuerger Police nogefrot, ob et am Grand-Duché scho mol zu änleche Fäll koum. An den nächsten Deeg publizéiere mir e weideren Artikel zu deem Theema.