International goufen dëser Deeg e puer Kéiser aus de Regaler geholl, well si mat Bakterie belaascht kéinte sinn, déi d'Krankheet Listerios ausléise kënnen.

21 Fäll vu Listerios goufen an de leschte Wochen a Frankräich detektéiert, zwou Persoune sinn un de Suitte gestuerwen. Besonnesch schwanger Fraen, eeler Leit a Mënsche mat geschwächtem Immunsystem sollen op Krankheetssymptomer uecht ginn. Dës gesinn änlech aus wéi bei enger Gripp, mat Féiwer, Kapp- a Glidderwéi. Dobäi kann et bis zu aacht Wochen daueren, bis d'Krankheet ausbrécht.

A Frankräich geet een dovunner aus, datt de pasteuriséierte Kéis vun der Firma Chavegrand  (FR 23.117.001 CE), déi virum 23. Juni produzéiert goufen, kéinte belaascht sinn.

Zu Lëtzebuerg gouf en Dënschdeg schonn de Camembert vun der Mark "Everyday", deen am Colruyt verkaaft gëtt, aus de Regaler geholl. Zanter en Donneschdeg gëtt dann och de Camembert vun der Mark Vieux Porche (Lot: C5196170) um Site vun der Sécurité Alimentaire opgelëscht, mat der Warnung, datt en d'Bakterie Listeria monocytogenes kéint enthalen.

D'Sécurité alimentaire mécht dann nach d'Prezisioun, datt net ausgeschloss ka ginn, datt nach aner Produite betraff sinn an datt Produiten, déi mat de Listerios-Fäll a Frankräich a Verbindung stinn, och um Lëtzebuergesche Marché present kéinte sinn. Sollten nei Fäll bekannt ginn, gi se um Site vun der Sécurité alimentaire publizéiert an d'Leit ginn och per LU-Alert informéiert.

Och Fësch zeréckgeruff

Nieft dem Kéis huet d'Sécurité alimentaire awer och d'lescht Woch schonn eng Rei Zorte Fësch wéinst der Bakterie Listeria monocytogenes zeréckgeruff. Betraff ass de Cœur de filet (saumon fumé élevé en Écosse) vun der Mark Monoprix Gourmet (Lot: 228309203), d'Räuchermatjesfilets vun der Mark Abelmann (Lot: 188 - 198) an d'Aiguillettes de cabillaud façon Fish&Chips vun der Mark Auchan Le Poissonnier (Lot: 5209532).

Weider Detailer an Aktualiséierunge fannt Dir um Site vun der Sécurité alimentaire.