Nodeems a Frankräich zwou Persounen un de Suitte vun der Listerios gestuerwe sinn, gi verschidde Kéisen zréckgeruff, an deene Bakterië vermutt ginn.

21 Fäll vu Listerios sinn an de leschte Wochen a Frankräich detektéiert ginn, zwou Persoune sinn un de Suitte gestuerwen. Besonnesch schwanger Fraen, eeler Leit a Mënsche mat geschwächtem Immunsystem sollen op Krankheetssymptomer uecht ginn. Dës gesinn änlech aus wéi bei enger Gripp, mat Féiwer, Kapp- a Glidderwéi. Dobäi kann et bis zu aacht Wochen daueren, bis d'Krankheet ausbrécht.

Bakterien am Kéis?

Déi franséisch Autoritéite ginn dovun aus, dass d'Ursaach vum Ausbroch a verseuchtem Kéis kéint leien. Betraff soll de pasteuriséierte Kéis vun der Firma Chavegrand sinn. Dowéinst ginn all Kéisen zréckgeruff, déi virum 23. Juni produzéiert goufen. Dat sinn all Zorte mëlle Kéis mat engem Bord Wäissschimmel aus Koumëllech (wéi Camembert oder Crémeux) oder Geessemëllech (wéi Bûches), déi bis de 9. August a Frankräich, an international, verkaaft goufen.

Listerios ass eng duerch Bakterië verursaachten Infektiounskrankheet. Ausléiser si Listerien, déi an der Natur heefeg sinn. Mënsche mat intaktem Immunsystem ginn dovu just seele krank. Wann, da sinn et änlech Symptomer wéi bei enger (Mo-)Gripp oder bei Duerchfall. Dacks verleeft eng Infektioun souguer onbemierkt.

Och ee Kéis betraff, deen zu Lëtzebuerg verkaaft gëtt

Vun der Lëtzebuerger Sécurité alimentaire ass et d'Nouvelle, dass de Camembert vun der Mark "Everyday", deen am Colruyt verkaaft gëtt, aus de Regaler geholl gouf, wéinst dem Verdacht op Bakterien, déi Listerios ausléise kënnen. Betraff sinn d'Produiten, déi tëscht dem 26. Juni an dem 12. August verkaaft goufen. Dee Kéis soll net méi giess sinn.

An der Belsch gëtt et der Gesondheetsautoritéit Sciensano no aktuell ee Fall vun enger Persoun, déi duerch d'Bakterie krank ginn ass. Dat mellt d'VRT. Och an der Belsch gouf deemno de Camembert vun "Everyday" zeréckgeruff ginn, genee esou wéi d'Bûchettes de chèvre vun der Mark "Fleur de pré".