D'Drénkwaasserreserve sinn aktuell gutt gefëllt
An Zukunft kéint et awer zu Enkpäss kommen. Dowéinst soll vun 2040 un d'Waasser aus der Musel opbereet ginn.
Et sief direkt virop gesot, déi Lëtzebuerger Drénkwaasserreserve si gutt gefëllt, souwuel am Stauséi wéi och am Grondwaasser, déi jee ongeféier d'Hallschent vum Drénkwaasser ausmaachen. Dat huet awer manner mam fiichte Juli ze doen, mee vill méi mat deene leschten zwee Wanteren, wärend deenen iwwerduerchschnëttlech vill Reen gefall ass. Wat déi mëttel- bis laangfristeg Perspektiv ugeet, kéint et vun 2040 un Enkpäss ginn, wann op ee Coup vill Waasser verbraucht gëtt. Fir dat ze evitéieren, setzt een op dräi Pilieren. Een dovunner besteet doranner, nei Ressourcen ze erschléissen. Vun 2040 u soll d'Waasser vun der Musel als Drénkwaasser opbereet ginn. Dat wier technesch méiglech, mee et gëtt awer och eng Partie Contrainten, wéi den Tom Schaul, Responsabele fir d'Waassergestioun am Ëmweltministère, erkläert.
"Sou eng Anlag braucht vill Plaz, well d'Waasser muss traitéiert ginn. Am Géigesaz zum Quellewaasser muss do een Traitement stattfannen. D'Qualitéit muss ganz genee gekuckt ginn, fir ze kucke wat fir eng Technologie brauche mer fir dat Waasser ze traitéieren. An da muss och nach gekuckt ginn, wéi kënnt d'Waasser bei d'Leit, well wa mer d'Waasser aus der Musel huelen, dann ass et nach net am Krunn, dat heescht do mussen dann och Leitunge gebaut ginn."
Aus Plazgrënn wäert d'Anlag wuel um südlechen Deel vun der Lëtzebuerger Musel gebaut ginn. Ier zousätzlech Ressourcen erschloss ginn, misst een déi existent awer mol fir d'éischt schützen. Aktuell wier d'Qualitéit op alle Fall ganz héich.
"Lëtzebuerg läit mat Bléck op d'Qualitéit vum Drénkwaasser op der drëtter Plaz. Dat heescht mir sinn an Europa Spëtzereider wat d'Drénkwaasserqualitéit betrëfft. Dat ass och doduerch bedéngt, datt immens vill Analyse geholl ginn, d'Drénkwaasser ass dat Liewensmëttel, dat am beschte kontrolléiert gëtt. 99 Prozent vun den Analysen, déi gemaach ginn, sinn an der Rei."
Eng gutt Waasserqualitéit wier och erstriewenswäert, well d'Waasser onofhängeg vum Mënsch generell eng wichteg Roll an der Natur spillt. Deen drëtte Pilier fir eng laangfristeg Versuergung ass ee verantwortlechen Ëmgank mam Drénkwaasser. Dëst géing nämlech laang net nëmmen als Liewensmëttel genotzt ginn, mee zum Beispill och fir den Auto ze wäschen oder de Gaart ze nätzen. Hei wéilt een d'Leit motivéieren, op Reewaasser ëmzeklammen, ma domadder eleng wier et awer net gedoen.
"D'Reewaasser-Notzung gëtt scho finanziell gefërdert a mir wëllen dat an Zukunft nach ausbauen. Da ginn et och Méiglechkeeten, fir d'Waasser um Krunn ze spueren, datt et manner schnell rauskënnt zum Beispill, dat ass och nach eng Méiglechkeet. D'Sensibilisatioun ass immens wichteg, virun allem bei der jonker Generatioun, d'Waasserverwaltung ass ganz aktiv an de Schoulen, mat Ausstellungen a Sensibilisatiounscampagnen."
Mat Bléck op d'Industrie géing ee sech a ganz Europa Gedanke maachen, ob een Datenzentren an Zukunft mat vill manner oder esouguer ganz ouni Waasser kille kann. Déi nei Technologië kéinten och eng Chance fir d'Wirtschaft sinn.
Am Ëmweltministère huet ee sech och ugekuckt, ob de Bau vun engem neie Stauséi eng Optioun kéint sinn. Et ass een awer zum Schluss komm, datt dat disproportionéiert wier.