Sich am Raum Holztem gestoppt
Verdächtege gouf viru Flucht zu Lëtzebuerg scho vu belscher Police gesicht

Déi verdächteg Persoun, déi e Mëttwochmëtteg am Raum Holztem op der Flucht war, war eigentlech scho vun der belscher Police gesicht ginn.
Wéi d'Lëtzebuerger Police mellt, wier d'Persoun - déi schonn an der Belsch gesicht gouf - géint 12.35 Auer zu Holztem an der Haaptstrooss geflücht, wéi hien d'Poliziste gesinn huet.
Am Kader vun der Sich hat sech eng Persoun beim 113 gemellt, déi de Verdächtegen zu Konstem gesinn hätt. Géing 14.45 Auer konnt de Flüchtege vun de Beamte gestallt ginn. Op Uerder vum Parquet gouf d'Persoun festgeholl a kënnt en Donneschdeg virun den Untersuchungsriichter.
Am meeschte gelies