Verstéiss géint Drogegesetz, Code de la Route, Naturschutz a Muppeverbuet

© RTL Archiv
De leschte Weekend huet d'Police eng gréisser Kontroll um Stauséi organiséiert, bei där eng Rei Verstéiss festgestallt goufen.
Dem Bilan vun der Police no ware 14 Verwarnungen a 5 Protokoller wéinst Verstéiss géint d'Drogegesetz geschriwwe ginn.
6 Chauffer goufen iwwerdeem verwarnt, well si e Fuerverbuetsschëld net respektéiert hunn an een Automobilist huet mat sengem Won de Verkéier blockéiert.
Doriwwer eraus hunn d'Beamte Verstéiss géint den Naturschutz, wéi zum Beispill Lagerfeier am Bësch, festgestallt. 7 Leit waren ausserdeem trotz Verbuet mat hiren Hënn op de Plagë ronderëm de Stauséi ënnerwee.
Bei der Kontroll dobäi ware Beamte vun e puer Policebüroen aus dem Norden, grad ewéi d'Hondsstaffel.
D'Police rappelléiert an deem Kontext nach emol d'Verkéiersreegele ronderëm de Stauséi, grad ewéi d'Verhalensreegele fir d'Visiteuren.