E Mëttwoch gouf et souwuel op der A13 op der Héicht vu Bireng, wéi och op der Cloche d'Or jeeweils ee Blesséierten.

Op der Héicht vu Bireng krute sech e Mëttwoch um 12.22 Auer op der A13 ee Camion an een Auto ze paken. Dobäi gouf eng Persoun blesséiert. D'Ambulanz vun Esch, sou wéi d'Pompjeeë vu Beetebuerg an Diddeleng waren op d'Plaz vum Accident gefuer.

Eng weider blesséiert Persoun gouf dem CGDIS dann nach um 15.21 Auer gemellt. Op der Cloche d'Or war ee Motocyclist mat sengem Gefier gefall. D'Ambulanz an d'Pompjeeën aus der Stad waren an den Asaz komm.