Zu Déifferdeng
Grupp Jugendlecher aggresséiert Mann op Busarrêt

E Méindeg den Owend hat zu Déifferdeng e Mann e Grupp Jugendlecher dorop higewisen, datt si den Trottoir blockéiere géingen.
De Grupp huet d'Remark awer net esou gutt opgeholl, wouduerch et zu engem verbale Sträit koum. Wéi d'Affer schlussendlech an de Bus wollt klammen, sinn d'Jugendlecher him géigeniwwer handgräiflech ginn an hunn e Messer gewisen, éier si geflücht sinn.
Wéi d'Police schreift huet d'Affer keng medezinesch Hëllef gebraucht. Eng Sich no de Jugendlechen hat keen Erfolleg. D'Police huet awer Ermëttlungen opgeholl.
Am meeschte gelies