Um Mëttwoch Owend koum et bannent kuerzer Zäit am selwechten Eck vum Land zu 2 Accidenter, bei deenen all Kéiers eng Persoun verwonnt gouf.

Géint 18 Auer war tëscht Beetebuerg an der Kockelscheier en Auto op d'Kopp gaangen. De Chauffeur koum blesséiert an d'Klinik.

Nëmmen 20 Minutte méi spéit hat et tëscht der Kockelscheier a Réiser eng weider Kéier geknuppt, wéi en Automobilist bäigaangen ass. Och hie gouf verwonnt a gouf an d'Spidol bruecht.