Nei Logement-Alternative fir Studenten zu Lëtzebuerg
D'Rentrée steet virun der Dier a vill Studente sichen no engem Logement. En Vue vun der Kris zu Lëtzebuerg, gi wéi eng Léisunge proposéiert?
D’Uni.lu zielt mëttlerweil ronn 8.000 Studenten, 60 % dovunner kommen aus dem Ausland. Deementspriechend ass d’Demande fir Logementer, wéi all Joer, relativ héich. Eng 1.500 nei Studente sichen dëst Joer nees no enger Wunneng. D’Uni Lëtzebuerg proposéiert Studentenzëmmeren a -Studioen zu engem abordabele Präis. Dës Wunnenge ginn no verschiddene Krittäre vermëttelt, esou d’Dr. Simone P. Niclou, Vizedirektesch fir Recherchen op der Uni.lu:
"Fir d’éischt probéiere mer déi nei Studenten eran ze huelen, an dann hunn och d’Studenten, déi an engem Erasmus-Mobilitéit-Programm sinn, Prioritéit."
Mat ronn 1.000 Zëmmer, déi d’Uni zur Verfügung huet, ka si just 16 % vun der Demanden decken. Nei Projeten, dorënner d’Renovatioun vun enger Residence déi vun 2027 un 72 nei Studenten ophuele wäert, lafen. Allerdéngs geet et domat nach ëmmer net duer.
Dëst ass och den zwee Lëtzebuerger Studenten-Innen Clémentine Offner an Ivo Silva virun e puer Joer opgefall. Dëst huet si dozou motivéiert, d'Start Up ‘We Connect’ ze grënnen. Si vermëttele jonk Leit op der Wunnengssich un Hôten, dat heescht Privatleit, déi en Zëmmer bei sech fräi hunn a bereet wieren, e Student bei sech doheem opzehuelen. Den Ivo Silva erkläert, wat d’Konditiounen dofir sinn:
"U sech si mer do net ganz streng, Studenten ass eisen Terme dee mer benotzen, mee et sinn u sech Jonker, déi op Lëtzebuerg kommen, déi no enger Opportunitéit sichen."
Dës Zëmmere ginn 30 bis 40 % ënnert dem Marchéspräis verlount a sollen dem Student eng authentesch Experienz vum Liewen als Jonken hei zu Lëtzebuerg bidden. Den Hôte huet en zousätzlecht Akommes an hëlleft gläichzäiteg enger jonker Persoun. "We Connect" iwwerhëlt den administrative Volet a këmmert sech ëm d’Kontrakter. D’Kommunikatioun tëscht ‘We Connect’ an der Uni.lu ass dobäi ganz wichteg.
"D’Uni schéckt Studenten och virun op ons, well si deelweis de meeschte Studenten einfach mussen ofsoen, an op der anerer Säit hëllefe mir hinnen dann och ze garantéieren, dass e puer Studenten hei bleiwen, well déi Studente mussen dann effektiv oft de Studium ofbrieche wann si näischt fannen."
Dat war net de Fall vum Smiljan Münzenmayer, en 23 Joer jonke Student aus dem Chile, deen duerch ‘We Connect’ d’Méiglechkeet krut, e Logement bei enger Fra doheem ze fannen.
"I’m very happy being here, in Chile I’m a man of family. I don’t like living alone. Being here has helped me a lot doing more activities. Actually, I live in a separate house, so I don’t see her very often during the week. For me it has been a great experience, doing activities with her together, and not feeling completely alone."
(Iwwersetzung: Ech si ganz frou hei, am Chile sinn ech richteg e Familljemënsch. Ech wunnen net gär eleng. Dat hei huet mir gehollef, Aktivitéiten ze maachen. Ech wunnen zwar an hirem zweeten Haus niewendrun a gesi meng Hôte net vill an der Woch, mee et ass eng flott Erfarung, Aktivitéite mat hir ze maachen an net komplett eleng ze sinn.)
Dem Smiljan seng Hôte, d’Madame Lucchini, huet aktuell dräi Studente bei sech wunnen, déi alleguerten duerch ‘We Connect’ u si vermëttelt goufen. Si huet bis elo just positiv Erfarungen gemaach:
"Et war ëmmer mäi Wonsch, fir eng Studentewunneng hei ze maachen, ech wollt einfach nëmmen ëmmer Leit hëllefen, virun allem jonke Leit."
Dëst ass e Beispill, dass ‘We Connect’ net nëmmen eng Co-Habitatiounsméiglechkeet soll sinn, mee och eng Opportunitéit, fir intergenerationell an interkulturell Lienen ze schafen.