Zu Miersch gouf eng Persoun iwwerfall, wärend an der Millebaach an zu Gréiwemaacher agebrach gouf.

Zu Gréiwemaacher gouf e Mëttwoch Moien an e Lokal agebrach. Een oder méi Täter waren iwwer d'Terrassendier erakomm an hunn d'Kees matgoe gelooss. E Mëttwoch Owend war et an der Rue de Muehlenbach an der Stad e weideren Abroch, bei deem de Wee vun de Brigangen och iwwer d'Dier vun der Terrass an en Eefamilljenhaus gefouert huet. A béide Fäll goufen d'Ermëttlungen opgeholl.

Zu Miersch, am Beräich vun der Gare, gouf e Mëttwoch Owend eng Persoun iwwerfall. Zwee Jugendlecher hate sech vun hannen erugeschlach, fir dem Affer eng Kette vum Hals ze räissen. Duerno konnte si flüchten.