Den 21. Juli hat de MEGA en neien an iwwerschafften nationalen Aktiounsplang fir d'Rechter vun LGBTIQ+ Persounen presentéiert, kuerz PAN.

D'Asbl Rosa Lëtzebuerg an déi consultativ Mënscherechtskommissioun CCDH begréissen, dass de Plang vun 2018 elo vum Ministère fir d'Egalitéit tëscht de Geschlechter an d'Diversitéit iwwerschafft gouf, fir d'Rechter vun de concernéierte Leit ze stäerken, mee béid Acteuren äussere Bedenken. 
 
"Dépsychiatrisatioun" bei Trans-Persounen nach ëmmer net am Plang
 
Et sinn besonnesch zwee Punkten am Plang, déi d'Associatioune bedaueren, well se e Réckschrëtt sinn, par rapport zum leschte Plang a par rapport zu internationale Recommandatiounen, erkläert d'Rhéa Ziadé vun der CCDH. Problematesch ass zum Beispill, dass et nach ëmmer keng sougenannt "Dépsychiatrisatioun" bei enger Geschlechtsëmwandlung fir Trans-Persoune gëtt.

"Dat heescht wann eng Persoun wëll duerch e Parcours de transition goen, dass en nach ëmmer een Certificat médical brauch vun engem Psychiater. An dat ass natierlech ze bedaueren, well dat eng Prozedur ass, déi ganz laang ass, déi och kascht, wou een oft an d'Ausland muss goen. Fir Mannerjäreger kann et sinn, dass et bis zu 2 Joer dauert. An donieft gëtt och d'Stigmatisatioun weider gefouert, dass een dann awer ëmmer nach e Lien mécht tëscht enger Geschlechtsëmwandlung an enger psychescher Krankheet oder engem psycheschen Trouble." 

Do hätt d'Regierung missen op de Wee goen, den Zertifikat ofzeschafen, fënnt d'CCDH. 
 
Net genuch Schutz fir Rechter vun Intersex-Kanner

Den Andy Maar vu Rosa Lëtzebuerg ass enttäuscht, dass grad hir Haaptfuerderungen, déi fir d'Liewe vun Trans- oder Intersex-Persounen am Wichtegste sinn, an déi och am viregten Aktiounsplang dran waren, elo net méi dran sinn.

"Do ass zum Beispill d'Verbuet vun den net-medezinesch-noutwennegen Operatiounen u mannerjäregen Intersex-Persounen, net mat drakomm. Wou och déi viregt Regierung versprach hat deemools, bis Enn 2021 e Projet de loi ze hunn. Do hunn mer keng verbindlech Notioun dran."

Am viregte Plang wier also nach virgesi gewiescht, fir e Verbuet en place ze setzen. Dat wier elo einfach vum Dësch, sou d'Rhéa Ziadé.

"An elo gëtt einfach annoncéiert, dass een interministeriellen Aarbechtsgrupp wäert geschaaft ginn an dass elo de Kader vun aneren EU-Länner analyséiert wäert ginn. An eis geet dat awer sécherlech net weit genuch, well et eben och vum internationale Niveau hir recommandéiert gëtt. A Lëtzebuerg selwer krut spezifesch och déi Recommandatiounen adresséiert vu souwuel UN-Organer wéi och vum EU-Organ dem Conseil de l'Europe."  
  
Ëmmer Aarbechtsgruppen: wéini gëtt et konkret? 
 
Am PAN géing dauernd vun Aarbechtsgruppe rieds goen, mee déi géing et schonn zanter Joren ginn, sou den Andy Maar.

"An ech mengen du kanns iwwer 10 Joer ëmmer dat nämmlecht Thema diskutéieren, ma iergendwann muss do och eppes passéieren." 

Den nämmlechte Constat hätt een an der Bildungspolitik, punkto ëffentlech Petitiounen:

"Do haten mer jo virun engem Joer déi Situatioun dass mer zwou Petitiounen haten. Fir d'éischt Petitioun géint méi LGBTIQ+ Contenu am Schoulprogramm an dann duerno déi dofir. Do hunn mer eis erwaart, dass no dem Debat eppes Konkretes géing zeréckbehalen ginn, dass do bëssen méi Aktioun géing kommen. Mee am PAN ass do leider och net all ze vill Verbindleches." 

Wou bleift déi automatesch Unerkennung bei enger Adoptioun vun gläichgeschlechtlechen Elteren?
 
Nieft dem Réckschrëtt fir d'Rechter vun Intersex- an Trans-Persounen, géingen et awer och Punkten am PAN ginn, déi einfach däitlech méi kloer, hätte misse formuléiert ginn. Zum Beispill, wat déi automatesch Unerkennung vum zweeten Elterendeel bei homosexuelle Koppelen ugeet, wann e Kand duerch eng kënschtlech Befruchtung entsteet.

"Aktuell ass d'Lag esou, dass den zweeten Elterendeel nach ëmmer muss säin eegent Kand adoptéieren. Dat heescht déi Persoun muss dann och duerch eng ganz Prozedur goen, déi laang dauert a, wou d'Mamm oder de Papp wärend där Zäit och keng Rechter huet. Déi Prozedur ass eben laang an et ass eng Diskriminatioun par rapport zu heterosexuelle Koppelen, déi dat net musse maachen. An do fuerdere mer wierklech, dass déi Diskriminatioun ofgeschaaft gëtt." 

Zanter Jore gëtt och gefuerdert, dass non-binär Persounen op hiren Identitéitspabeieren endlech d'Optioun "neutre" solle kréien. Och hei stéing am PAN just dran, et soll nees eng Analys gemaach ginn, amplaz endlech e Gesetzprojet op d'Been ze stellen, kritiséiert nach d'Rhéa Ziadé.  
 
Ganz allgemeng luewe souwuel d'CCDH, wéi och Rosa Lëtzebuerg, zwar den Engagement vun der zoustänneger Ministesch Yuriko Backes, mee de Plang wier eng verpasste Chance an deels e besuergneserreegende Réckschrëtt vu Mënscherechter.