An der Nuecht op en Donneschdeg konnten no der Kontroll vun engem Auto beim Chauffer doheem weider Droge séchergestallt ginn.

Am Kader vun enger Kontroll haten d'Beamten an engem Gefier Droge fonnt. Beim uschléissenden Duerchsiche vum Proprietär senger Wunneng konnte weider Droge séchergestallt ginn, grad esou wéi eng gréisser Quantitéit u Laachgas. Op Uerder vum Parquet gouf de Mann festgeholl, an huet am Laf vum Donneschdeg Nomëtteg Rendez-vous beim Untersuchungsriichter.