Zu Lëtzebuerg hunn 2024 ronn 6,4 Prozent vu schaffende Leit iwwer 49 Stonnen an der Woch geschafft – e Wäert, dee knapp ënnert dem EU-Duerchschnëtt läit.

2024 hu 6,4 Prozent vun de schaffende Leit zu Lëtzebuerg uginn, datt si pro Woch 49 Stonnen oder méi schaffen – liicht ënnert dem EU-Duerchschnëtt vu 6,6 Prozent, wéi nei Zuele vun Eurostat, dem europäesche Statistiksbüro mat Sëtz um Kierchbierg, weisen.

Iwwer déi lescht Joren ass d'Zuel vu Leit, déi laang Aarbechtsstonne maachen, am ganze Block kontinuéierlech erofgaangen. 2014 si nach am Duerchschnëtt 9,8 Prozent vun de schaffende Leit an der EU an dës Kategorie gefall, 2019 waren et der 8,4 Prozent an 2024 nach 6,6 Prozent.

Tëscht den EU-Memberstaate bleiwen awer grouss Ënnerscheeder. A Griicheland hunn 12,4 Prozent vu schaffende Leit 49 Stonnen oder méi an der Woch geschafft, op Zypern 10 Prozent an a Frankräich 9,9 Prozent. Déi niddregst Zuele goufen a Bulgarien (0,4 Prozent), a Lettland (1,0 Prozent) an a Litauen (1,4 Prozent) gemooss.

Op d'Groussregioun gekuckt ass Lëtzebuerg zwar viru Frankräich an och der Belsch (8.4 Prozent), mee duerfir awer hannert Däitschland, wou 5.1 Prozent op mannst 49 Stonne pro Woch schaffen.

Independanten an der EU hunn iwwerdeems däitlech méi laang geschafft: 27,5 Prozent vun hinne koumen 2024 op 49 Stonnen oder méi pro Woch, géintiwwer just 3,4 Prozent vun den Employéen. Wat Beruffer betrëfft si laang Aarbechtszäiten am heefegste bei qualifizéierte Landwirtschaft-, Bësch- a Fëscherei-Beruffer (26,2 Prozent). Och Manager schaffe mat 21,1 Prozent laang Stonnen, wéi Eurostat ervirhieft.