RTL-Studioen am Däischteren
Stroumausfall en Donneschdeg de Mëtteg um Kierchbierg

© RTL
Géint 15.30 Auer ass um Chantier vun der neier Tramslinn um Kierchbierg e Stroumkabel getraff ginn.
Doropshin ass de Stroum an der Géigend fir e puer Minutten ausgefall. Mataarbechter vun der Creos sinn ënnerwee, fir sech e Bild vun der Situatioun ze maachen.
Ënnert anerem och am RTL-Gebai war de Stroum kuerz fort an d'Studioe ware fir eng kuerz Zäit am Däischteren. D'Noriichten ëm 16 Auer goufen awer wéi gewinnt geschwat, mat e bëssen Ënnerstëtzung vu Journalistekolleegen, déi d'Blieder beliicht hunn. Antëscht leeft awer alles nees wéi gewinnt, heescht et vun der Creos.

© Laurent Gillander / RTL

© RTL
Am meeschte gelies