Oekozenter a Stad Lëtzebuerg lancéieren Initiative fir méi gréng Fassaden

Beispill vun enger grénger Fassade am Berliner Stad-Deel Kreuzberg. / © Photo by KIRA HOFMANN / Photothek Media Lab / dpa Picture-Alliance via AFP
Mat enger neier Aktioun wëllen d'Gemeng Lëtzebuerg an den Oekozenter Pafendall d'Roll vu grénge Fassaden am urbane Raum méi staark an de Fokus réckelen.
D'Gemeng Lëtzebuerg, zesumme mam Oekozenter Pafendall, lancéiert eng nei Aktioun fir méi gréng Fassaden an der Stad. Am Kader vun der Initiative 'reNature – restaurer la biodiversité' soll esou d'Ëffentlechkeet op de positiven ekologesche Bäitrag vu grénge Gebaier sensibiliséiert ginn.
Wéi d'Gemeng ënnersträicht, géinge gréng Fassaden net nëmme "wichteg Liewensraim fir Insekten, Vullen a Päiperleken" bidden, mee och de "lokale Mikro-Klima verbesseren, d'Loftverschmotzung reduzéieren an zu enger besserer Liewensqualitéit" am urbane Raum bäidroen. Gläichzäiteg kéinte si den Energieverbrauch vun de Gebaier erofsetzen an d'Stadbild verschéineren, sou den Ëmwelt-Service vun der Gemeng.
Am Kader vun der Campagne gëtt de Sonndeg, 21. September, vun 10 bis 12 Auer en Atelier ugebueden. Den theoreteschen Deel fënnt am Oekozenter Pafendall statt, duerno geet et fir de prakteschen Deel bei d'Nummer 5 an der Rue Mohrfels. Den Atelier gëtt op Englesch ofgehalen, ass gratis a fir maximal 30 Persoune geduecht.
D'Participante kréien hei konkret Rotschléi iwwert d'Auswiel vu gebiertege Kloter-Planzen, souwéi och hir Fleeg a positiv Effekter. Nom Atelier kënne Participanten eng Planz vun der Gemeng Lëtzebuerg offréiert kréien.
Umelle kann ee sech per E-Mail iwwer environnement@vdl.lu.