Falsch Daachdecker dreiwen an der Stad an am Süden hiert Onwiesen

© Envato Edovideo
Et ass e Probleem, dee sech zanter Ufank Juni verstäerkt: ëmmer méi "falsch Daachdecker" sinn an der Stad an am Süde vum Land ënnerwee.
Dat mellt d'Police en Donneschdeg a warnt virun den Onéierlechen, déi sech als Daachdecker ausginn a sech esou Zougang zu Haiser a Grondstécker verschafen. Si gi virop bei eeler Leit an elengstoend Hausbesëtzer schellen, a soen hinnen, si hätten "zoufälleg" gesinn, datt den Daach beschiedegt wier.
Den Affer no wieren déi falsch Daachdecker meeschtens zu zweet. Eng Persoun géif den Hausbesëtzer an ee Gespréich verwéckelen. Wärend dee sech den Daach fir een Devis ukuckt - dee sech natierlech ni materialiséiere wäert - notzt deen zweeten Täter d'Oflenkung aus, fir aus dem Haus Wäertgéigestänn, wéi zum Beispill Bijouen oder Boergeld, ze klauen.
Der Police no wierken d'Täter dacks "iwwerzeegend a professionell": Si hätten Aarbechtskleeder un an hätte Geschier derbäi. Si wieren och emol gär an enger wäisser Camionnette ënnerwee, mat bloe Leedere baussen drun. Den Affer no géinge si Franséisch, ma och emol Lëtzebuergesch schwätzen.
D'Police réit Hausbesëtzer, keng onbekannt Persounen an hiert Haus ze loossen, bei Aarbechten ëmmer een offizielle Firmennoweis ze froen an am Zweiwel selwer d'Firma oder d'Police unzeruffen. Et sollt een ausserdeem eeler Noperen a Familljemembere warnen, datt dës Zort vun Abriecher hiert Onwiesen dreiwen. Verdächteg Persoune sollen dem 113 gemellt ginn.