De Garer Quartier ass an de leschte Joren ëmmer méi amgaang, sech vu sengem problematesche Ruff ze léisen an erëm méi Liewen unzezéien.

De Garer Quartier méi sécher a méi attraktiv maachen – dat gëtt scho méi laang vun den Awunner a Geschäftsleit aus dem drëtt-gréisste Stater Quartier, no Awunnerzuel, gefuerdert. Och bei de politesch Verantwortlechen ass dëse Message ukomm.

Villes gouf jo an de leschte Joren am Quartier verännert: Nieft dem Tram an de ville Renovatiounen, déi een uechtert d'Garer Stroosse gesäit, sinn d'Sécherheetsdispositiffen verstäerkt ginn. Mee wéi gesinn d’Leit vum Terrain d’Entwécklungen an de leschte Joren?

Um richtege Wee?

Kriminalitéit, Drogenhandel oder och nach een onséchert Ëmfeld – ëmmer nees héiert een negativ Nouvellen aus dem Garer Quartier. Mat Mesurë wéi dem Drogendësch 2.0 probéieren d’Autoritéiten, d'Géigend ronderëm d'Gare méi sécher ze maachen.

D'Situatioun huet awer och een Impakt op de Commerce: 14% vun de Surfacen hei stinn eidel, eng Zuel, déi iwwer Joren stagnéiert huet.

De Maurice Bauer, Stater Schäffen: "Dowéinst si mer och am gaang ze kucken op der Gare ee ganze Koup Aktivitéiten ze maachen, fir wierklech och dee Leerstand ze bekämpfen. Mir si ganz frou, mir hunn an deem leschte Joer awer 37 nei Geschäfter an der Gare bäikritt. Mir probéieren als Stad Lëtzebuerg dat ze maachen, wat mer kënne maachen. Mir hunn de Parking gratis gemaach, fir datt et fir d’Leit interessant ass."

Eng Tendenz, déi also an déi richteg Richtung geet? Där Meenung sinn op alle Fall eng Rei Geschäftsleit, wéi hei an engem Traditiounsbuttek an der Avenue de la Liberté.
 
"Et ass super, datt mir hei ganz vill verschidde Geschäfter hunn. Dass d’Leit de Courage hunn, fir nei Geschäfter hei opzemaachen. Well ech fannen d’Avenue de la Liberté, d’Avenue de la Gare, dat ass d’Dier vu Lëtzebuerg hei an der Stad. Dat heescht, et wier ganz schéin, dass mir verschidden nei Geschäfter an e bësse vun Allem hei hunn", sou d'Isabel Neves, Geschäfsfra aus dem Quartier. 
 
Zanter 2017 féiert d’Isabel Neves mat hierem Mann een Tubaks-an Zeitungsbuttek, dee schonn zanter 1948 existéiert. Vun nächster Woch un gëtt d’Geschäft zwee Méint laang komplett renovéiert. De Fils vu 27 Joer well de Betrib och enges Daags iwwerhuelen. Fir d’Famill ass et also kloer, datt een am Garer Quartier bleiwe well.
 
"D’Gare ass e bësse wéi ee Village. Jidderee kennt jiddereen. Déi Meescht Leit probéiere sech géigesäiteg hei ze hëllefen. Et ass dat, wat interessant ass hei an der Gare. A wa jiddereen dat méi mécht an nei Geschäfter hei opmaachen, kann dat och dozou bäidroen, datt d’Gare besser gëtt", argumentéiert de Felipe Melanda Gomes.

De Quartier "fänkt u mat liewen"

Pop-Up Butteker, kleng Caféen oder och méi nei Konzepter fannen ëmmer méi hire Wee op d’Gare. Hei kann een zum Beispill a Pilates-Coursë goen, an duerno ee Kaffi virauser drénken – e Konzept, wat gutt fonctionéiert, wéi eng lokal Geschäftsfra erzielt: "Franchement, les gens ils adorent ça. Café Pilates, ils n’ont jamais vu ça au Luxembourg. Et forcément, on a un café de spécialité avec du pilates de qualité. Donc les gens, quand ils ont fini leur pilates ils viennent boire leur café, ou inversement ils boivent leur café avant le pilates, et tout le monde est content."
 
Och d’Leit dobausse gesinn, datt sech hire Quartier entwéckelt, och wa verschidden Awunner sech deelweis an der Nuecht nach ganz onsécher fillen: "Ronderëm hei gëtt vill gemaach, an dat ass och gutt. De Quartier fänkt u mat liewen. Dir braucht nëmmen ze kucken, wéi se do iwwer an der Rei stinn fir do eppes z’iessen, dat belieft de ganze Quartier an ech fannen dat tip top."
 
De Garer Quartier soll een oppenen, dynameschen a sécheren Deel vun der Stad ginn. De Garer Geschäftsleit no ass een dofir sou lues awer sécher um richtege Wee.