Wéi d'Police matdeelt waren an de leschte Stonnen net just vill Onéierlecher ënnerwee, ma och eng Automobilistin, déi ze vill gedronk hat.

D'Police krut sëllegen Abréch gemellt, zum Beispill en Donneschdeg den Owend an en Eefamilljenhaus an der Rue Jean Marcatoris zu Helsem, wou Onbekannter iwwer d'Terrassendier erakoumen an d'Haus duerchsicht hunn.

E weideren Abroch gouf et an enger Wunneng an der Avenue Victor Hugo an der Stad. Och do goufen d'Raim duerchwullt an ënner anerem Bijoue geklaut.

A béide Fäll gëtt ermëttelt.

Da gouf an de leschte Stonnen och a Gefierer agebrach, dat zu Betten op der Mess, wou Mënz geklaut goufen, an nach zu Fenteng, wou en Onbekannten e Sonnebrëll an e Ladegerät matgoe gelooss huet.

Am Zickzack ënnerwee war dann nach eng Automobilistin op der A7 a Richtung Miersch. Enger Policepatrull war de Won opgefall, dee kuerz drop an der Areler Strooss gestoppt gouf. En Alkoholtest war positiv an de Permis fort.