Am spéiden Donneschdegnomëtteg haten dräi Onbekannter an engem Buttek an der Beggener Strooss an der Stad Wuere matgoe gelooss.

Si haten e puer Brëller agestach, goufen awer kuerz no der Dot vun enger Policepatrull gepëtzt. Zwee vun de presuméierten Täter goufen direkt festgeholl, deen Drëtte konnt kuerz Zäit méi spéit gestallt ginn. Dësen hat donieft och nach an engem Supermarché geklaut.

Op Uerder vum Parquet goufen déi 3 Onéierlech festgeholl a koumen den Dag drop virun den Untersuchungsriichter.

Donieft huet d'Police am spéiden Donneschdegnomëtten am Garer Quartier ee Verdächtege festgeholl, géint deen en europäeschen Mandat d'arrêt virläit. Wéi am Policebulletin steet, gouf een Déif gemellt, deen an ee Geschäft an der Avenue de la Gare agebrach war. D’Beamte konnten de presuméierten Täter nach op der Plaz pëtzen. Bei der Kontroll huet sech erausgestallt, datt een europäeschen Mandat d'arrêt virläit. Hien ass op Uerder vum Parquet festgeholl ginn.