Et dierft de Parteikolleeg a liberale Logementsminister Claude Meisch alles anescht wéi freeën.

D'Stater DP-Buergermeeschtesch Lydie Polfer wëll an der Haaptstad weder de geplangten nationale Wunnengsregëster (Registre national des bâtiments et bâtisses du pays RNBL), nach den éischten nationale Regëster fir abordabel Wunnengen (Registre national du logement abordable RENLA). Dat schreift d'Wochenzeitung "Lëtzebuerger Land" e Freideg.

Déi liberal Députée-maire geet domadder net nëmme géint de Koalitiounsaccord, mä direkt och géint d'Politik vun der eegener Partei, déi jo de Logementsministère huet.

Den nationale Leerstandsregëster ass d'Basis fir landeswäit erfaassen ze kënnen, wéi vill Wunnengen zu Lëtzebuerg eidel stinn, déi an Zukunft jo besteiert solle ginn. An den Ae vum Lydie Polfer bräicht ee keen esou en nationale Regëster, zitéiert d'Zeitung d'Gemengemamm. Mä "eng präzis Definitioun, wat eng eidel Wunneng ass. Da kéint d'Stad déi Taxe selwer en Place setzen". Dat anert wier eng "Sisyphusaarbecht", fir déi lauter Fonctionnaire missten agestallt ginn, mä mat där keng eenzeg nei Wunneng geschaaft géif.

Ob d'Stater Buergermeeschtesch a Vizepresidentin vum Gemengesyndikat Syvicol sou wäit goe géif, fir beim Vott an der Chamber géint den Text ze stëmmen, déi Fro bleift am Raum stoen. Um Enn vum Artikel, muss dann awer souguer d'Lydie Polfer sech agestoen, datt, wann d'Gesetz bis gestëmmt ass, een och an der Stad keen anere Choix hätt wéi et z'applizéieren.