De Schoulwee mat Zäiten a richteg üben

© AFP
Nach ass Vakanz, mee d'Rentrée kënnt ëmmer méi no. Nieft d'Preparatioun vum Schoulsak, soll awer och de Schoulwee am Virfeld en Thema sinn.
Ëmmer rëm kënnt et zu Accidenter am Stroosseverkéier, bei deene Foussgänger ugestouss ginn. Dorënner och mol Kanner, déi um Wee an d'Schoul waren. Genee dofir warnt d'Sécurité Routière all Joer erëm an erënnert un dat richtegt Verhalen am Stroosseverkéier, dat souwuel fir d'Automobilisten wéi och fir d'Mobilité douce, zu där och d'Foussgänger gehéieren. Fir dass d’Kanner sécher an d'Schoul kommen, soll de Schoulwee net just spontan an am Stress den éischte Schouldag zesumme getrëppelt ginn, mee schonn am Viraus.
D’Isabelle Medinger, Direktesch vun der Sécurité Routière, ënnersträicht: "D'Eltere solle mam gudde Beispill virgoen, eng Mobilitéit douce virliewen a Respekt an Toleranz am Stroosseverkéier weisen. De Schoulwee soll zesumme mat de Kanner ausprobéiert ginn, fir de sécherste Wee erauszefannen. Am beschten iwwert Zebrasträifen oder bei enger Luucht eriwwer goen. Dee Wee eraussichen, wou een am mannsten iwwert d'Strooss oder iwwer grouss Kräizunge goe muss. Geféierlech Plazen, wou ee schlecht gesäit oder schlecht gesi gëtt, solle een och vermeiden."
Sécher iwwer d'Strooss
De séchere Wee ass net ëmmer dee Kierzten. E klengen Ëmwee kann dacks méi Sécherheet bedeiten. D'Kanner solle léieren, ëmmer stoen ze bleiwen, bis d’Autoe wierklech bremsen respektiv komplett stinn, si sollen och mam Chauffer de Bléckkontakt sichen. Och wann d’Luucht op gréng spréngt, gëllt et de Verkéier am A ze behalen – virun allem bei Autoen, déi ofbéien. Wa se schonn an der Mëtt vum Zebrasträife sinn an d'Luucht gëtt rout, solle si roueg weidergoen an net ufänken, mat lafen.
Geféierlech ass et och, hannert engem geparkten Auto oder an enger Kéier iwwert d'Strooss ze goen. Sou Situatioune kënne leider net ëmmer verhënnert ginn, mee si solle mat de Kanner bewosst geüübt ginn, fir dass si och domat richteg ëmgoe kënnen.
Training am Alldag
Wichteg ass et, dass d'Kanner de Wee net just eemol virum éischten Schouldag eleng ginn. Am Idealfall gëtt de Schoulwee schonn e puer Wochen am Virfeld vun der Rentrée reegelméisseg opgetrëppelt an dat beim Passage iwwert d'Strooss ëmmer mam selwechte Ritual: stoe bleiwen, all Säit zweemol kucken, da goen. Sou kréien d'Kanner Routine a fillen sech och méi séier wuel, wa se duerno eleng ënnerwee sinn. Fir vill Jonker ass dëst en éischte grousse Schrëtt a Richtung Selbststännegkeet.

© AFP
Opfalen amplaz stylesch
Nieft dem richtege Verhale spillt och d'Visibilitéit eng entscheedend Roll. Beim Akaf vu Schoulmaterial an neie Kleeder soll een drop oppassen, hell a reflektéierend Elementer ze wielen. Rucksäck mat Reflekteren oder Accessoiren, déi blénken, maachen d'Kanner am Stroosseverkéier däitlech méi siichtbar. "Wéi all Joer gëtt et och dëst Joer nees d'Blinki-Aktioun vun der Sécurité Routière, wou d'Kanner mat reflektéierende Gadgete fir méi Sécherheet ausgerëscht ginn", sou d'Isabelle Medinger.
Als Hëllef fir d'Elteren bitt d'Sécurité Routière d'Broschür "Klenge Guide fir op d'Strooss" un. Dëse Guide weist eng Rëtsch praktesch Übunge fir Kanner, déi am Alldag kënnen trainéiert ginn. D'Broschür gëtt et online fir näischt an och a Pabeier-Versioun, déi een am Shop vun der Securité Routière kritt oder per Post bestelle kann.

© Sécurité Routière
Appell un d'Automobilisten
D'Sécherheet um Schoulwee hänkt awer net nëmme vu Kanner an Elteren of. Och d'Automobiliste si verantwortlech. "Ronderëm vill Schoulen ass schonn Tempo 30 a mir setzen eis dofir an, dass iwwerall an de Schoulquartieren d'Vitess op 30 limitéiert gëtt. D'Vitesslimitatiounen am Allgemenge mussen agehale ginn an d'Chauffere solle sech ëmmer drop astellen, dass Kanner och mol imprevisibel sinn, besonnesch wa si a Gruppen ënnerwee sinn", heescht et vun der Sécurité Routière.