Och Postiere gestuerwe fir Fräiheet, Toleranz a Respekt
Dëser Deeg erënnere mer hei am Land un déi Lëtzebuerger, déi sech virun 83 Joer mat engem Generalstreik géint d'Nazie gewiert hunn.
Wéi de Gauleiter Simon bis annoncéiert huet, datt Dausende Jonker sollen zwangsrekrutéiert ginn, gouf decidéiert, net méi ze schaffen. De Generalstreik huet den 31. August zu Wolz ugefaangen a sech du séier am Grand-Duché ausgebreet.
Schoulmeeschteren, Leit, déi a Fabricke geschafft hunn, Baueren an och Mataarbechter vun der Post hu matgemaach - 21 ënnert hinnen hunn dee Courage mat hirem Liewe bezuelt.
D'Amicale vun der Post huet um Méindeg un déi zwee deemoleg Postieren Nicky Konz a Jean Schroeder erënnert.
28 Joer haten déi zwee Männer, wéi se hiert Liewen fir Fräiheet, Toleranz a Respekt geaffert hunn. Op den Dag virun 83 Joer koum den Nicky Konz virun d'Standgeriicht, een Dag méi spéit säi Kolleeg Jang Schroeder.
Kee juristesche Bäistand, keng Verdeedegung, si goufen allen zwee zum Doud verurteelt an een Dag nom Verdikt am KZ zu Hinzert erschoss.
De Jean Schroeder hat deemools e Fils, deen dräi Joer al war. Hien ass am Februar dëst Joer gestuerwen, mä seng Fra d'Marie-Antoinette Schroeder-Schmitz war wéi all Joers op der Gedenkzeremonie an huet dono am RTL Interview erzielt, datt den Doud vun hirem Schwéierpapp och Auswierkungen op hiert Liewen hat, quitt, datt si eréischt nom Krich op d'Welt koum.
"Ech hunn och doranner gelieft an ech weess, datt et mengem Mann ëmmer ganz schlecht goung, wann hien u säi Papp geduecht huet. En huet deeglaang un hie geduecht an dann ass et emol erëm e bëssi vergaangen, mä en huet ëmmer un hie geduecht. En ass spadséiere gaangen a wann hien erëm komm ass, sot hie mer, en hätt erëm u säi Papp geduecht. Dat ass dat, wat ech e bësse mat erlieft hunn."
Déi Fräiheet, déi 21 Lëtzebuerger 1942 , mat hirem Liewe bezuelt hunn, muss am Alldag geschützt ginn, gouf op der Commemoratiounszeremonie vun der Amicale vun der Post ënnerstrach. Et wier net normal, datt een a Fräiheet an esou kéint liewe wéi ee wéilt, sot de Wirtschaftsminister Lex Delles. Dofir bréicht een net bis an Amerika kucken ze goen, mä et geséich een et an eisen Nopeschlänner, an Europa an zu Lëtzebuerg.
"Net méi spéit wéi d'lescht Woch sinn an der Stad Lëtzebuerg Stickere gepecht ginn, op deene stoung "Lëtzebuerg de Wäissen". Dat muss ee sech virstellen an Zäite wéi elo"
Mir hunn näischt aus der Geschicht geléiert - dovunner ass d'Marie-Antoinette Schroeder-Schmitz iwwerzeegt. Dat geséich ee bei Walen, notamment an Däitschland, mä net nëmmen.
"Et muss een oppassen, wat ee wielt", esou hiren Appell.