De Jean Bram ass virun annerhallwer Woch gestuerwen, wéi aus den Doudesannoncen aus dem Lëtzebuerger Wort vum Weekend an en Dënschdeg ze enthuelen ass.

1974 huet de Jean Bram de Shopping-Center City Concorde gegrënnt an domat och säi Kleederbuttek, deen am Laf vun der Zäit mat 11.000 Metercarré Surface, dee gréissten an der Groussregioun war. Scho virdrun hat hie verschidden aner méi kleng Bram-Kleederbutteker an der Stad, beispillsweis an der Stroossbuerger- oder an der Zitha-Strooss.
Viru véier Joer huet den däitsche Grupp Breuninger de Bram-Grupp iwwerholl.