Sonnebrëller, Trottinett an Telecommande fir Garage
Police sicht no Besëtzer vu geklaute Géigestänn

D'Police huet en Dënschdeg d'Fotoe vun enger Rei Objete publizéiert, déi héchstwarscheinlech aus Autoe geklaut goufen.
D'Beamte probéieren elo, déi rechtméisseg Besëtzer vun den Objeten erëmzefannen. Bei de Géigestänn, déi dir Iech an der Billergalerie ukucke kënnt, sinn zwee Sonnebrëller, ee Schlësselunhänger, eng Trottinett, eng Ketten, eng kleng Posch an eng Telecommande fir eng Garagëpaart.
D'Besëtzer si gebieden, sech un de Policebüro vun Dikrech-Veianen ze riichten, dat ënnert der Telefonsnummer +352) 244 80 1000 oder per E-Mail u police.diekirchvianden@police.etat.lu.
Les photos diffusées sur ce site sont soumises à des droits d’auteurs et ne peuvent être copiées, modifiées, vendues, sans l’autorisation préalable du propriétaire du site en question.
Am meeschte gelies