Police pëtzt eng Rei Leit ënner Drogen- an Alkoholafloss

© RTL-Archiv
Bei enger Vitesskontroll huet d'Police am spéiden Méindegowend een Auto op der Lonkecher Strooss zu Schuller mat 85 km/h erwëscht.
D'Beamte wollten de Won unhalen, ma obwuel si dat däitlech signaliséiert hunn, huet de Chauffer mat sengem Auto d'Kéier gemaach an ass fortgefuer. D'Police huet doropshin eng Sich gestart, duerch déi de Chauffer an den Auto kuerz Zäit drop fonnt goufen. En Drogentest huet op der Plaz nach ee positiivt Resultat ugewisen, an am Auto gouf Haschisch fonnt.
Eng weider Kontroll gouf et an der Nuecht op en Dënschdeg zu Stadbriedemes. Hei hunn d'Beamten an engem Auto Drogenutensilie erbléckst. Bei enger uschléissender Fouille vum Won hunn d'Polizisten Drogen an déi scho genannt Drogenutensilie fonnt a séchergestallt. Och hei huet sech een Drogentest beim Chauffer positiv ugewisen.
Zu Leideleng huet d'Police an de fréie Moiesstonnen dann och nach ee Chauffer gepëtzt, deen an der Rue Jean Fischbach vill ze séier ënnerwee war. Bei enger Kontroll ass de Beamten opgefall, datt hie kee Fürerschäin hat an doriwwer eraus däitlech Unzeeche gewisen huet, datt hien ze vill gedronk hat. Och hei huet en Test ugeschloen an et gouf ee provisorescht Fuerverbuet ausgesprach. De Parquet huet den Auto saiséiere gelooss. An allen dräi Fäll gouf iwwerdeems e Protokoll geschriwwen.