"Ech begréissen et, datt Lëtzebuerg seng Verdeedegungsdepensen erhéicht"
Den NATO-Generalsekretär Mark Rutte war en Dënschdeg op Aarbechtsvisitt zu Lëtzebuerg.
Fir d'éischt gouf et eng Entrevue tëscht dem Mark Rutte, dem Premier Luc Frieden an der Verdeedegungsministesch Yuriko Backes am Staatsministère. Op der gemeinsamer Pressekonferenz gouf annoncéiert, datt Lëtzebuerg sech um NATO-Projet PURL wäert bedeelegen. PURL (Prioritised Ukraine Requirements List) ass eng Initiativ vun der NATO fir Waffen ze kafen, déi scho existéieren, an déi duerno un d’Ukrain ze liwweren.
Dem Mark Rutte säin éischte Stopp en Dënschdeg de Moie war am Staatsministère. Hei war d'Begréissung vum Premier Luc Frieden an der Verdeedegungsministesch Yuriko Backes häerzlech an de Message kloer: Hei kommen Alliéiert zesummen, vu Frëndschaft ass esou guer riets. En däitlecht Zeechen: D'NATO wëll an dëse stiermeschen Zäite Stabilitéit an Zesummenhalt weisen. Zäiten, an deenen déi aner Säit vum Atlantik ee President setzt, dee vun den NATO-Partner däitlech méi Suen a méi Engagement fuerdert. Zäiten, an deene Russland nach ëmmer een Ugrëffskrich géint d'Ukrain féiert. Dofir muss geliwwert ginn.
Lëtzebuerg huet decidéiert, sech am NATO-Projet PURL ze bedeelegen, esou de Premier Luc Frieden:
"Et ass en fait fir Waffen ze kafen, déi scho bestinn, zu engem groussen Deel amerikanesch Waffen, fir déi dann ze liwweren un d'Ukrainer. Holland huet dat gemaach, Belsch huet dat gemaach, Däitschland huet dat gemaach. An dofir huet d'Lëtzebuerger Regierung decidéiert, datt mir och zesumme mat anere géingen esou eng Contributioun maachen. Dat ass wichteg fir d'Ukrainer, an et ass wichteg fir ganz Europa an och fir eis."
Lëtzebuerg wier wuel kleng, mee kéint beispillsweis mat sengem Knowhow am Beräich vun der Satellittentechnologie der Allianz wichteg Kommunikatiounsdonnéë liwweren.
D'Verdeedegungsministesch Yuriko Backes:
"Déi Kapazitéiten, déi mir do kënnen den Alliéierten an och der NATO selwer zur Verfügung stellen, huet de Secrétaire Général vun der NATO och ënnerstrach, ass extrem wichteg fir d'Allianz. Et geet ëm Satellitekommunikatioun, dat ass déi eng Saach, déi wierklech och gebraucht ginn an engem securiséierten Ëmfeld, fir kënne vun den Alliéierten a vun der NATO benotzt ze ginn."
De Mark Rutte huet Lëtzebuerg fir seng Satellittekapazitéiten gelueft: de Grand-Duché géif eng wichteg Roll am Volet vun der Kommunikatioun an der Allianz iwwerhuelen. Lëtzebuerg weit seng Kapazitéiten an deem Beräich jo weider aus. Rezent gouf de LuxEosys-Satellit lancéiert, fir och am Beräich vun der Äerdobservatioun méi aktiv ze ginn.
Dem Mark Rutte säin allgemenge Message war kloer:
"Ech begréissen et, datt Lëtzebuerg seng Verdeedegungsdepensen erhéicht. Dat ass extrem wichteg am aktuelle strategesche Kontext. Mir wëssen, datt Russland eng Gefor fir déi ganz Allianz ass. Den Ament baut sech déi russesch Arméi erëm massiv op. Déi Force ass do, fir genotzt ze ginn: Russland benotzt se den Ament an der Ukrain a kéint se eventuell och op anere Platze benotzen. Et ass wichteg, dat eis Verdeedegung esou ass, datt Russland ni probéiert, ee Kilometercarré op NATO-Territoire ze attackéieren."
Et war ee chargéierten Dag fir de Mark Rutte. Nom Besuch am Staatsministère goung et fir eng Audienz mam Grand-Duc Henri an de Palais, duerno gouf et nach eng Entrevue mam Chamberspresident Claude Wiseler, ier et fir weider Visitte bei d'SES op Betzder an bei d'NATO-Support a Beschafungsagence op Capellen goung.