Wat ass de Stand vun den Diskussioune virun der drëtter Sozialronn?
Et geet ëm d’Sonndesaarbecht, d’Ouvertureszäiten am Commerce an net manner ewéi d’Zukunft vum Pensiounssystem.
No der grousser Maniff vum OGBL an LCGB den 28. Juni ass d’Regierung op den zwou Sozialronnen am Juli bei enger Rei Punkten zeréckgeruddert. D’Liewensaarbechtszäit oder Cotisatiounszäit géing manner eropgesat ginn, ewéi de Premier et wollt. Par konter sollen d’Cotisatiounen an d’Luucht goen, wat de Premier net wollt.
D’Patronat war no den zwou Sozialronnen am Juli frustréiert, mee hofft awer nach op Efforten op der Depensesäit. D’Gewerkschaften waren Ufanks der Woch RTL géintiwwer optimistesch, datt ee kéint zu engem Accord mat der Regierung kommen. De Premier Luc Frieden, dee sot ons e Méindeg, et wéilt ee Kompromësser fannen, mee et misst een net mat jiddwerengem op alle Punkten eens sinn.
Wat um Mëttwoch bei der drëtter Sozialronn erauskënnt, gitt Dir natierlech hei op RTL gewuer.
Um Donneschdeg ass och de President vun der Union des entreprises Michel Reckinger eisen Invité vun der Redaktioun. Déi Gréng hu gefrot, datt de Premier an déi zoustänneg Chamberkommissioune kënnt, fir d’Deputéiert iwwert d’Sozialronn z’informéieren.