Op véier Plazen am Land ass et um Dënschdegmëtten zu Accidenter komm, bei deenen allkéiers eng Persoun blesséiert gouf.

An der Rue de Crauthem zu Peppeng gouf kuerz viru Mëtteg eng Persoun blesséiert, wéi zwee Autoen anenee gerannt sinn.

Och op der N12 zu Aasselbuer, Direktioun Wëntger, sinn zwee Autoe kollidéiert, dat um 14:26 Auer. Eng weider Persoun gouf hei blesséiert.

Zu Elleng ass eng Persoun blesséiert ginn, wéi zwee Autoen um 14:43 Auer net laanschtenee komm sinn.

Op der A1 ass et um 15:41 Auer zu engem Accident tëscht engem Auto an engem Moto komm, och hei gouf eng Persoun verletzt.

De CGDIS mellt weider zwee Feieren um Dënschdeg, dat eemol zu Eschduerf an eemol zu Angelduerf