Käschte wéinst Nobesserungen um Tarmac sollen net op d‘Passagéier zeréckfalen

© Jeannot Ries (RTL Archiv)
Viru knapp 4 Joer komplett erneiert an awer muss d'Pist um Fluchhafen wéinst dem schlechten Zoustand nees frësch gemaach ginn.
Entspriechend gréisser Chantieren stinn um Findel an d'Haus. D'Käschten, déi duerch dës Reparaturen an Nobesserungen um Tarmac entstinn, sollen awer net op d‘Passagéier zeréckfalen. Dat äntwert d'Mobilitéitsministesch Yuriko Backes op eng parlamentaresch Fro vum ADR-Deputéierte Jeff Engelen.
Wéi d'DP-Ministesch betount, géif de Gestionnaire lux-Airport d'komplett Käschte vun den Aarbechten droen. Deemno sollen och d'Präisser fir Fligerticketen net klammen, sou d'Ministesch.
lux-Airport hat d'Start- a Landebunn um Findel fir eng 150 Milliounen Euro flécke gelooss.
D‘Resultat entsprécht awer net den Ufuerderungen un eng Start- a Landebunn, wéi se um Findel gebraucht gëtt. lux-Airport hat annoncéiert, all Méiglechkeete géint déi verschidden implizéiert Bau-Firmen an Ingenieursbüroen ze préiwen, dorënner och eng Klo.